Millchen: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k k |
k Bot Ewech huelen: bg:Дама (игра) Änneren: zh:直棋 |
||
Linn 24: | Linn 24: | ||
[[bs:Mica]] |
[[bs:Mica]] |
||
[[bg:Дама (игра)]] |
|||
[[ca:Marro de nou]] |
[[ca:Marro de nou]] |
||
[[cs:Mlýn (hra)]] |
[[cs:Mlýn (hra)]] |
||
Linn 44: | Linn 43: | ||
[[fi:Mylly (peli)]] |
[[fi:Mylly (peli)]] |
||
[[tr:Dokuz taş]] |
[[tr:Dokuz taş]] |
||
[[zh: |
[[zh:直棋]] |
Versioun vum 14:51, 11. Mäe. 2010
Millchen ass e Brietspill fir zwou Persounen.
De Prinzip
Op engem Spillbriet mat 3 Quadraten, déi anenee sinn, a bei deenen d'Säiten an hirer Mëtt mat Linne vebonne sinn, geet et drëm fir dräi Däpp no an no an eng Rei ze kréien. Dëst nennt een eng "Millchen". Huet een eng Millchen, kann een dem Géigner een Dapp (deen net an enger Millchen ass) ewech huelen. Verluer huet, wee just nach 2 Däpp rescht huet.
De Spilloflaf
Déi zwéi Spiller leeën een nom aneren hir Däppercher op d'Spillfeld: op en Eck vun engem Quadrat oder op eng Intersektioun mat der mëttelsser Linn. Wa s'all um Briet leien, gëtt ofwiesselnd ee vun den eegenen Däpperche em een Zuch op enger vun de Linne geréckelt.
Doduerch probéiert een, selwer eng Millchen ze kréien oder de Géigner drun ze hënneren, eng ze kréien. Huet een eng Millchen, dierf een dem Géigner ee Steen ewech huelen, deen net an enger Millche steet.
Wann ee just nach 3 Däppercher huet, kann ee "sprangen", d.h. ee vu sengen Däppercher iergendwous hinner setzen. Wann ee just nëmme méi zwéin Däpp huet, d.h. selwer keng Millche méi maache kann, huet e verluer.
Verluer ass een och, wann de Géigner een esou zougesat huet, datt een net méi wibbele kann.
Féckmillchen
Eng "Féckmillchen" nennt een eng Konstellatioun vun Däppercher, déi et engem erméiglecht, mat engem eenzegen Zuch vun enger Millchen an déi aner ze rëtschen, ouni datt de Géigner een drun hënnere kann.
Um Bild hei niewendrun wier dat de Spiller mat de rouden Däpp.