Op den Inhalt sprangen

Tram: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k Bot Derbäi setzen: ab:Атрамваи
k Bot Derbäi setzen: fa:واگن برقی
Linn 56: Linn 56:
[[eo:Tramo]]
[[eo:Tramo]]
[[eu:Tranbia]]
[[eu:Tranbia]]
[[fa:واگن برقی]]
[[fr:Tramway]]
[[fr:Tramway]]
[[ga:Tram]]
[[ga:Tram]]

Versioun vum 14:11, 30. Aug. 2010

Historeschen Tram zu Bréissel

En Tram (Tramway op franséisch, Straßenbahn op däitsch) ass een ëffentlecht Verkéiersmëttel dat iwwert Schinne fiert.

Geschicht

D'Geschicht vum Tram fänkt mat de Päerdsbunnen, een ëffentlecht Verkéiersmëttel dat och op Schinne fiert a vu Päerd gezu gëtt, un. Déi éischt bekannt Päerdsbunn vun der Welt gouf de 26. November 1832 zu New York a Betrib geholl. Een halleft Jorhonnert méi spéit, de 16. Mee 1881 gouf den Tram fir déi éischte Kéier a senger Geschicht elektresch bedriwwen. Ëm 1920 huet bal all gréisser Stad vun der Welt een Tramsnetz gehat. Spéider sinn du vill Tramsnetzer zougemaach ginn, well jorelaang net méi dran investéiert gouf an den Individualverkéier ëmmer méi beléift gouf.

Nom Zweete Weltkrich huet sech deen Trend fortgesat a vill Leit waren der Meenung datt den Tram spéitstens an den 1970er Jore verschwonn wier. Allerdéngs koum dunn d'Pëtrolskris, déi dozou gefouert huet, datt den Individualverkéier rëm séier erofgaangen ass an den Tram rëm méi lukrativ gouf. Dernieft kënnt datt vill Stied sech kee Metro, deen am Bau vill méi deier ass, kënnen oder wëlle leeschten. Vun 1980 u goufen dann och vill nei Trambetriber weltwäit, virun allem an Europa an an Nordamerika (nees) opgemaach.

Aktuell si weltwäit ongeféier 100 weider Tramsprojeten virgesinn an et kann een also domatter rechnen, datt och an Zukunft nach een Tram duerch vill Stied fiert.

Kritik

Den Tram huet, wéi all aner Verkéiersmëttel och, Vir- an Nodeeler. E gëtt dacks als Iwwergang tëscht Bus a Metro gesinn. Allgemeng gëllt d'Fauschtregel datt den Tram bei enger Streck mat iwwert 4000 Passagéier pro Dag méi rentabel ass wéi ee Bus. Vun 30.000 bis 40.000 Passagéier den Dag gëllt de Metro als méi effektiv.

Virdeeler

  • Confort: manner Kaméidi a Gejuppels par rapport zum Bus;
  • Benotzerfrëndlechkeet: vill nei Tramme sinn op Quaihéicht an erlaben och Rollstill d'Eraklammen;
  • Vitesse: allgemeng ass den Tram méi séier wéi de Bus, virun allem wann e seng Fuerbunnen net muss mam Individualverkéier deelen;
  • Ëmweltfrëndlechkeet: och wann den Tram elektresch bedriwwe gëtt an dat elektresch mat Pëtrol oder Kuele produzéiert gëtt, belaascht en d'Ëmwelt sur place awer net. Ausserdeem gëtt Stroum zum Deel och vun ëmweltfrëndlechen Energiequelle produzéiert.
  • Käschten: par rapport zu engem Metro ass den Tram an der Moyenne nëmmen hallef sou deier an och par rapport zu de Busse schléit e sech gutt well seng Liewensdauer tëscht 30 a 50 Joer bedréit.

Nodeeler

  • Schinnen: den Tram ass noutwennegerweis un d'Schinne gebonnen a gëtt da problematesch wann se blockéiert sinn, sief dat duerch Autoen oder Chantieren
  • Käschten: Och wann den Tram par rapport zu senge Konkurrente Bus a Metro gutt ofschneit, ass en awer nach deier, sou kascht een eenzegen Tram tëscht 1,5 an 4 Milliounen
  • Negativ Auswierkungen op Stadbild: vill Awunner vu Stied mat Tram bekloe sech datt d'iwwerierdesch Stroumleitungen d'Stadbild géife verschampeléieren
  • Vibratiounen: bei eeleren Tramsnetzer kann et sinn datt de Buedem a souguer Gebaier vibréieren, bei neier Technik ass dat allerdéngs ausgeschloss

Linken

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA