Op den Inhalt sprangen

Grenobel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Grenoble)
Grenobel
Grenoble
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Isère
Arrondissement Grenobel
Kanton 6 Kantonen
Postcode 38000, 38100
Gemengecode 38185
Koordinaten 45° 11’ 16’’ N
      05° 43’ 37’’ W
Fläch  18,30 ha
Bevëlkerung  156 793 (2006)

Grenobel (Grenoble op Franséisch; Grenoblo op frankoprovenzalesch) ass eng Stad am Südoste vu Frankräich a Chef-lieu vum Departement Isère.

Grenobel ass mat iwwer 157.000 Awunner déi gréisst Héichgebiergstad an den Alpen, nach virun Innsbruck mat deem d'Stad touristesch vill gemeinsam huet. Grenobel läit ronn 150 Kilometer südlech vu Genf, 100 Kilometer südëstlech vu Lyon an 350 Kilometer nërdlech vun der Côte d'Azur.

Grenobel läit tëscht de Massiver vum Vercors (am Südwesten), der Chartreuse (am Norden) an der Kette vu Belledonne (am Südosten). D'Stad läit ongeféier am Zentrum vun de franséischen Alpen a gëtt dowéinst och dacks « capitale des Alpes » genannt.

D'Stad läit am Ausleefer vum Grésivaudan do wou den Isère an den Drac op enger Héicht vun 214 Meter zesummelafen. Ronderëm d'Stad si gréisstendeels Bierger, wat de Stendhal dozou beweegt huet, iwwer Grenobel ze soen « Au bout de chaque rue, une montagne…». De Wantersport a besonnesch de Schi erméigleche Grenobel touristesch attraktiv ze sinn: eng zwanzeg Schistatioune leie ronderëm d'Stad, déi déi am nootste leie, si knapps 30 Minutte wäit ewech.

Grenobel mat der Bastille

Ufanks war d'Stad awer net um Zesummefloss vun Drac (den Draach) an der Isère (d'Schlaang) gebaut, mä géint d'Bastille, der eenzeger Plaz am Dall vum Grésivaudan wou eng Bréck konnt gebaut ginn. Grenobel ass (a senger urbainer Zon) eng vun de flaachste Stied vun Europa, wat dozou féiert, datt hei och vill mam Vëlo gefuer gëtt. D'Stad ass dominéiert vun der Bastille, enger aler defensiver Festung déi op enger Héicht vu 475 Meter gebaut ginn ass, a vum Zentrum duerch en Téléphérique kann erreecht ginn, deen ëmgangssproochlech « les bulles » genannt gëtt. Hanner der Bastille läit de regionale Naturpark vun der Chartreuse.

Grenobel war scho vun de kelteschen Allobroger bewunnt. An den Annale vun de Réimer gëtt d'Plaz eng éischt Kéier am Joer 43 v. Chr. als Cularo ernimmt, eng Stadmauer gëtt et schonn am Joer 286. Am Joer 377 gëtt d'Stad op den Numm Gratianopolis (nom Keeser Gratian) ëmgedeeft, wou sech den haitegen Numm dovun ofleet.

Zanter dem 4. Joerhonnert ass Grenobel e Bëschofssëtz; am Joer 879 fält et un d'Kinnekräich Burgund an zanter dem Joer 1242 huet d'Grenobel d'Stadrecht. D'Universitéit gouf am Joer 1339 gegrënnt. 1349 ass Grenoble mat der Dauphiné u Frankräich gaangen.

Am 18. Joerhonnert war d'Stad virun allem fir d'Konschthandwierk bekannt. D'Dynastie vun den Dëschler vun der Hache huet landeswäit u Bedeitung gewonnen, wéi si den Titel Dëschler vun den Herzoge vun Orléans krut. D'Wierker sinn nach haut am Musée Dauphinois zu Grenobel ze gesinn. Scho 1788 koum et an der Stad zu enger antiroyalistescher Revolt (Journée des Tuiles), déi de Kinnek gezwongen huet, d'Generalstänn vun der Provënz anzeberuffen. Wärend der Revolutioun gouf d'Stad op den Numm Grelibre ëmgedeeft, a krut hiren haitegen Numm nees ënner dem Napoleon zeréck.

De 26. Mee 1944 huet d'Stad ënner engem schwéiere Bombardement gelidden.

Am Joer 1968 goufen do déi X. Olympesch Wanterspiller opgefouert. Ënner engem gewaltege finanziellen Opwand (ëmgerechent ëm déi 460 Milliounen ) gouf d'Stad deemools fir déi grouss Organisatioun ausgebaut, well de Staatspresident Charles de Gaulle d'Geleenheet wollt ausnotzen, fir Grenobel als Symbol vun der Moderniséierung vu Frankräich ze presentéieren.

D'Stad Grenobel huet Partnerschafte mat follgende Stied:

Bevëlkerungsentwécklung
1962 1968 1975 1982 1990 1999 2006
156 707 161 616 166 037 156 637 150 758 153 317 156 793
Zuele vun 1962 un: [1]

Bekannt Persoune vu Grenobel

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Grenobel – Biller, Videoen oder Audiodateien