UCI World Tour
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den UCI World Tour bis 2010 UCI ProTour ass eng Serie vun deene schéinste Vëloscourssen op der Strooss an dat mat deene bëschte Vëlosfuerer an deene gréissten Ekippen aus dem Profiberäich weltwäit.
Si gouf 2005 vun der Union cycliste internationale, dem Weltverband vum Vëlossport, am Kader vun enger Reform am Profisvëlossport, an d'Liewe geruff. Déi éischt Course vun der UCI Pro Tour war d'Etappecourse Paris-Nice, déi de 6. Mäerz 2005 zu Paräis gestart gouf.
Bei all Course gi Punkten un d'Vëlosfuerer verdeelt déi an engem UCI ProTeam fueren an dat no engem Puntkebarème am UCI-Réglement.
Et gi bei all Course vun der Serie dräi verschidde Klassementer gemaach: ee fir d'Vëlosfuerer, ee fir d'Ekippen an ee fir d'Natiounen.
D'Punkte ginn no all Course mat de Punkte vun de virege Courssen zesummegerechent.
Punkteverdeelung
[änneren | Quelltext änneren]Individuel
[änneren | Quelltext änneren]- Kategorie A: Tour de France
- 100 Punkte fir de Gewënner am Generalklassement, 75 fir den Zweeten, a 60 fir den Drëtten. Duerno gëtt et der 55, 50, 45, 40, 35, 30, 25, 20, 15, 12, 10, 8, 6, 5, 4, 3 an 2 Punkte fir den Zwanzegsten. - Kategorie B: Giro d'Italia, Tour d'Espagne
- 85 Punkte fir de Gewënner, duerno 65, 50, 45, 40, 35, 30, 26, 22, 19, 16, 13, 11, 9, 7, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt fir den 20. - Kategorie C: Milano-Sanremo, Tour des Flandres, Paris-Roubaix, Liège-Bastogne-Liège, Tour de Lombardie, Paris-Nice, Tirreno - Adriatico, Dauphiné libéré, Tour du Pays Basque, Tour de Romandie, Tour de Suisse, Tour d'Allemagne, Eneco Tour, Tour de Catalogne, Tour de Pologne
- 50 Punkte fir de Gewënner, duerno 40, 35, 30, 25, 20, 15, 10, 5 an 2 Punkte fir den Zéngten. - Kategorie D: Amstel Gold Race, Gent-Wevelgem, Flèche wallonne, Grand Prix de Plouay, Paris-Tours, Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián, Grand Prix de Zurich, Vattenfall Cyclassics
- 40 Punkte fir de Gewënner, duerno 30, 25, 20, 15, 11, 7, 5, 3 an 1 Punkt fir den Zéngten.. - Etapp am Tour de France:
-10 Punkte fir den Éischten, 5 fir den Zweeten, an 3 fir den Drëtten. - Etapp an engem anere groussen Tour:
-8 Punkte fir den Éischten, duerno 4 an 2. - Etapp an anere Courssen:
- 3 Punkte fir den Éischten, duerno 2 an 1.
Natiouneklassement
[änneren | Quelltext änneren]D'Punkte vun de 5 éischte Coureure vun enger Natioun ginn zesummegerechent fir dëst Klassement.