Vandalismus
Ausgesinn
Ënner Vandalismus versteet een allgemeng eng blann Zerstéierungswut. Et gëtt tëscht e puer Varianten ënnerscheet:
- Vandalismus am Sënn vun enger Kraaftmeierei aus "jugendlechem Frousënn oder Ausgeloossenheet" (Kleinschmidt 1875), z. B. d'Gebrauche vun Denkmäler als Zilscheif (Sphinx vu Gizeh; Reiderstatu vum Regisole op der Doumplaz vu Pavia; dem Leonardo da Vinci säi Reiderbild vum Ludovico il Moro zu Mailand, etc.);
- Dote vun iergeleetenen Eenzelgänger opgrond vun enger Psychopathie oder engem iergeleetene Sendungsbewosstsinn, z. B. dem Herostratos seng Brandstëftung (356 v. Chr.); d'Zerstéierung vum Höllensturz vum Rubens zu München (26. Februar 1959) oder vum Jakobsegens vum Rembrandt zu Kassel (7. Oktober 1977); Beschiedegung vun der Statu vum David vum Michelangelo; den Déifstall vun der Mona Lisa aus dem Louvre (21. August 1911); etc.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vandalism – Biller, Videoen oder Audiodateien |