25. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
De 25. November ass den 329. Dag (330. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1791: Frankräich: Grënnung vum Comité de surveillance (spéidere Comité de sûreté générale).
- 1936: Nazi-Däitschland an d'Japanescht Keeserräich ënnerschreiwen den Anti-Kominternpakt.
- 1973: Stuerz vum griichesche President Geórgios Papadópoulos duerch d'Militär.
- 1975: Surinam, bis dohin 'Hollännesch Guyana', gëtt vun Holland onofhängeg.
- 1975: Sechs südamerikanesch Militärdiktature grënnen d'Operatioun Condor, fir lénks Oppositioneller uechter d'Welt ze verfollegen.
Lëtzebuerg
- 1855: D'Chamber stëmmt e Gesetz iwwer den Opbau vun engem Eisebunnsréseau zu Lëtzebuerg.
- 1956 an 1973: Allkéiers éischte vun e puer autofräie Sonndeger, déi agefouert goufe fir Pëtroll ze spueren.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1788: Den däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt de planetareschen Niwwel NGC 40.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1951: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bruges 0:2 géint Belsch.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Batty Weber
-
Augusto Pinochet
- 1562: Lope de Vega, spueneschen Dichter.
- 1640: Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca, Grof vu Monterrey, spueneschen Offizéier an Adelegen.
- 1722: Henri-Jean-Népomucène Crantz, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1783: Claude-Louis Mathieu, franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1816: Lewis Morris Rutherfurd, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 1832: Bernard Haal, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 1842: Heywood Hardy, brittesche Moler.
- 1844: Carl Benz, däitschen Ingenieur.
- 1846: Jean Nicolas Badu, Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.
- 1848: William Frederick Denning, britteschen Astronom.
- 1858: Julius Scheiner, däitschen Astronom an Astrophysiker.
- 1860: Batty Weber, lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller.
- 1900: Henri Tosseng, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1915: Augusto Pinochet, chileenesche Generol an Diktator.
- 1920: Ricardo Montalbán, mexikanesche Filmschauspiller.
- 1926: Jeffrey Hunter, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1927: Nicolas Mosar, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1927: Edmond Schmitt, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1933: Kathryn Grant, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1941: Philippe Honoré, franséischen Zeechner.
- 1941: Percy Sledge, US-amerikanesche Sänger.
- 1954: Rita Kail, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 1962: Serge Hetto, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1977: Max Jacoby, lëtzebuergesche Filmregisseur.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1185: Poopst Urban III.
- 1694: Ismael Boulliau, franséischen Astronom a Geeschtlechen.
- 1766: Johann Maria Farina, italieenesche Parfumeur.
- 1879: Jean Mersch-Wittenauer, lëtzebuergeschen Händler a Politiker.
- 1885: Alfonso XII., Kinnek vu Spuenien.
- 1913: Robert Stawell Ball, ireschen Astronom, Mathematiker an Auteur vu populärwëssenschaftleche Bicher.
- 1918: Paul Kellen, lëtzebuergesche Moler.
- 1958: Hélène Philippart, lëtzebuergesch Zänndoktesch.
- 1959: Jean Grémillon, franséische Filmregisseur.
- 1959: Gérard Philipe, franséische Schauspiller.
- 1964: Jean Trausch, lëtzebuergesche kathoulesche Missionnaire.
- 1967: Ossip Zadkine, russesch-franséische Sculpteur a Moler.
- 1968: Upton Sinclair, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1973: Laurence Harvey, brittesche Filmschauspiller a Regisseur.
- 1974: Sithu U Thant, 3. UN-Generalsekretär.
- 1976: Will Ollinger, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1977: Jean-Pierre "Jempi" Fiedler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1983: Leopold III., Kinnek vun de Belsch.
- 1993: Hervé Bromberger, franséische Filmregisseur.
- 2002: Karel Reisz, englesche Regisseur.
- 2005: Karl Burgeff, däitsche Sculpteur.
- 2005: Norbert von Kunitzki, lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager.
- 2007: Nic Joosen, belsch Molerin a Sculptrice.
- 2008: Edwin Salpeter, éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.
- 2008: Christian Fechner, franséische Filmproduzent.
- 2010: Johny Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2016: Fidel Castro, Staatspresident vu Kuba.
- 2016: David Hamilton, brittesche Fotograf a Regisseur.
- 2019: Joseph Wagener, lëtzebuergesche Beruffsoffizéier.
- 2019: Jean-Pierre Fandel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2020: Diego Maradona, argentinesche Foussballspiller an -trainer.
- 2022: Irene Cara, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 2023: Aldo Lado, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Internationalen Dag fir d'Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen
- Roses Revolution Day géint Gewalt an der Gebuertshëllef
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 25. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |