Chile
República de Chile | |||||
| |||||
National Devise: Por la Razón o la Fuerza (sp. fir: "Duerch Verstennegsinn oder Kraaft") | |||||
Offiziell Sprooch: | Spuenesch | ||||
Haaptstad: | Santiago de Chile | ||||
• Awunner: | 6 254 314 (2017) | ||||
• Koordinaten: | 33° 26′ 16′′ S 70° 39′ 01′′ W | ||||
Staatsform: | |||||
• President: | Gabriel Boric | ||||
Fläch: | 756 950 km² (37.) | ||||
• Dovu Waasser: | 1,07% % | ||||
Bevëlkerung: | 19 678 310 (2021, geschat) (60.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 26/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vu Spuenien 12. Februar 1825 unerkannt | ||||
Nationalfeierdag: | 18. September | ||||
Nationalhymn: | Puro, Chile | ||||
Wärung: | Peso chileno | ||||
Zäitzon: | UTC -4, -3 | ||||
Internet TLD: | .cl | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+56 |
D'Republik Chile (República de Chile) ass en onofhängege Staat am Südweste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Santiago de Chile.
D'Land grenzt am Norden un de Peru, am Westen un de Pazifik, am Süden un de Paso Drake, am Nordosten u Bolivien an am Osten un Argentinien. Zum Chile gehéieren nach verschidden Inselen am Pazifik, wéi den Archipel Juan Fernández an d'Ouschterinsel (Isla de Pascua), déi geographesch a Polinesie läit.
De Chile huet eng Fläch vu 756.950 km². Dozou kënnt nach eng Zon an der Antarktis vun 1.250.000 km², den Antarktesche Chileeneschen Territoire (Territorio Chileno Antártico).
Chile konsidéierert sech als en Dräikontinentalland.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vum Chile
Scho virun 15.000 Joer hunn déi éischt Mënschen am haitege Chile gewunnt. Bis datt d'Spuenier d'Land eruerwert haten huet et zum Inkaräich gehéiert.
1520 huet de Portugis Ferdinand Magellan d'Magallanstrooss, déi op der Südspëtz vum Chile läit, entdeckt.
1535 koumen déi éischt Europäer an de Chile fir no Gold ze sichen. Déi éischt gegrënnt Siidlung war Santiago am Joer 1541. Zanter 1542 huet de Chile dunn zum spuenesche Vizekinnekräich Peru gehéiert.
Südlech vum Río Bío Bío hunn allerdéngs d'Mapuchen, en indigene Vollekstamm, sech géint déi spuenesch Eruewerung gewiert. Am Ufank hate si Erfolleg an hunn nach nom Friddenskontrakt mat Spuenien vu 1647 vill Stied vun de Spuenier zerstéiert.
Am 16. Joerhonnert hunn och vill Äerdbiewen, Vulkanausbréch an Tsunamien d'Entwécklung vum Land staark behënnert. Ausserdeem waren d'Küstestied och permanent dem Ugrëff vu Piraten ausgesat.
1609 gouf d'Generalkapitanat Chile gegrënnt, war awer ofhängeg vum Vizekinnekräich Peru. 1778 gouf de Chile dunn en eegestännegt Generalkapitanat mat Handelsfräiheet bannent dem spuenesche Kinnekräich.
Wéi dem Napoléon säi Brudder Joseph a Spuenien 1808 regéiert huet, gouf den Drang no Onofhännegkeet ëmmer méi grouss.
Den 18. September 1810 gouf eng Junta an d'Liewe geruff, duerch déi de Chile eng autonom Provënz am spuenesche Kinnekräich ginn ass. Dësen Datum gëtt am Chile als den Ufank vun der Onofhängegkeet gefeiert. E besse méi spéit erkläert de Chile seng total Eegestännegkeet.
1814, nom spueneschen Onofhängefkeetskrich, huet Spuenien erëm d'Muecht am Chile iwwerholl.
No sëllege Schluechten, huet de Chile de 17. September 1865 Spuenien de Krich erkläert. Dat war de Spuenesch-Südamerikanesche Krich.
De 5. Dezember 1865 huet de Peru sech mam Chile géint déi gemeinsam Feinden zesummegedoen.
Déi spuenesch Herrschaft goung 1866 praktesch op en Enn. De Konflikt mat Spuenie konnt awer eréischt an de Kontrakter vun 1871 an 1883 definitiv geléist ginn.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt dozou och den Haaptartikel: Geographie vum Chile
Physesch Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Chile läit um südamerikanesche Kontinent an erstreckt sech iwwer eng Längt vu 4.200 Kilometer vun Norden no Süde laanscht de Pazifik op der enger an den Anden op der anerer Säit. D'Breet vum Land huet nëmmen zirka 180 km. Déi schmuelst Plaz huet 90 km, an déi breetst 240 km.
De Chile léisst sech an dräi Regiounen andeelen: am Osten d'Anden, den Iwwergangsberäich mat der Pampa del Tamarugal an der Valle Longitudinal an d'Küsteregioun Cordillera de la Costa.
D'chileenesch Ande bilden eng vun den héchste Biergkette vun der Welt. Eng sëllege Bierger sinn iwwer 6.000 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass den Ojos del Salado mat 6.880 m. En ass gläichzäiteg den héchste Vulkan op der Welt. Duerch déi besonnesch Struktur vum Land gëtt et keng ganz laang Flëss. De längsten huet 443 km.
Déi grouss a landschaftlech schéinst Séien am Chile erstrecke sech südëstlech vun der Stadt Temuco bis op Puerto Montt. De bekanntste Salzséi ass de Salar de Atacama (3.000 km²).
Klima
[änneren | Quelltext änneren]De Chile huet vill verschidde Klima- a Vegetatiounszonen. Dat ass wéinst den 39 Breetegraden iwwer déi d'Land sech erstreckt an zwar vu 17° 3' S bis 56° 30' S.
D'Land léisst sech klimatesch an dräi Zonen andeelen: Nord-, Mëttel- a Südchile. De gréissten Deel vum Norde läit an der Wüst. Am Mëttelchile ass e Klima wéi um Mëttelmier. Am Süden dogéint fält ganz vill Reen.
Am grousse Ganze gëtt d'Klima staark vum Humboldt-Mieresstroum laanscht d'Küst beaflosst. Dee fléisst vu Süden no Norden an transportéiert kaalt Mierwaasser aus der Antarktis.
Ongeféier all 7 Joer schléit hei och den El-Niño zou a bréngt vill Nidderschléi.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]D'Hallschent vun der Bevëlkerung lieft am Groussraum Santiago de Chile, dorënner een Drëttel, also ongeféier 5,5 Milliounen, an der Haaptstad selwer. 100 km westlech vu Santiago läit d'Stad Valparaíso mat zirka 1 Millioun Awunner.
A de Gebidder Richtung Norden a Richtung Süde wunnen ëmmer manner Leit. Dat ass wéinst den ongënschtege Klimabedéngungen.
90 % vun de Chileenen hunn europäesch Virfahren oder si Mestizen, woubäi bei de leschten, 50 % vun de Mapuchen ofstamen.
Relioun
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 1925 ass d'Kierch an de Staat getrennt.
Déi gréisst Relioun ass déi réimesch-kathoulesch Kierch mat 70 % vun de Leit. Déi 920 Pare ginn a 5 Kiercheprovënze mat 26 Bistümer agedeelt.
Ronn 10 % vun de Chileene si protestantesch. De Rescht verdeelt sech op indianesche Schamanismus, Mormonen an aner Minoritéiten.
Sprooch
[änneren | Quelltext änneren]D'offiziell Sprooch ass Kastellanesch. Aner international Sprooche gi ganz wéineg geschwat.
Déi bekanntst indigen Sprooch ass Mapudungun. Déi Sprooch gëtt haaptsächlech vun de Mapuchen am Süde geschwat. Donieft ass och nach Quechua an Aymara am Nordchile a Rapa Nui op der Ouschterinsel verbreet.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]Politik
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt heizou och den Haaptartikel: Politik am Chile
D'Republik Chile ass eng Presidialrepublik mat verschiddenen autonomen Institutiounen.
D'Constitutioun gouf 1980 vun der Militärregierung ënner dem Augusto Pinochet ausgeschafft an duerno mat engem Referendum, ënner groussem Drock an ouni demokratesch Krittäre mat 67 % ugeholl.
De President, an zugläich och Regierungschef, gëtt fir eng Period vu 6 Joer gewielt. Dësen ernennt d'Ministeren, d'Subsekretären an Regionalintendanten.
Kuckt och d'Lëscht vun de Presidente vum Chile.
D'Legislative (Congreso Nacional) besteet aus zwou Chamberen: d'Chamber des Députés (Cámara de Diputados) an de Senat (Senado).
Déi héchst richterlech Kraaft am Chile ass den ieweschte Gerichtshaff (Corte Suprema de Justicia). Et ass e Kolleegialgericht mit 21 Richteren.
Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Weltierwe vun der UNESCO am Chile
[änneren | Quelltext änneren]D'UNESCO huet bis elo 3 Plazen am Chile op d'Lëscht vum Weltkulturierwe gesat.
- 2000: den Nationalpark Chiloé an en Deel vun de Kierchen aus Holz,
- 2003: den historeschen Deel vun der Hafestad Valparaíso,
- 2005: d'Humberstone- a Santa-Laura-Salpéiterwierker an der Atacama-Wüst am Norde vum Chile.
Zum Weltnaturierwe goufen erkläert:
- 1978 den Nationalpark Torres del Paine,
- 1995 den Nationalpark Rapa Nui op der Ouschterinsel.
Fauna a Flora
[änneren | Quelltext änneren]Biosphärereservater am Chile
[änneren | Quelltext änneren]D'UNESCO erkläert am Ganzen 8 Gebidder am Chile zu Biosphärenreservater.
- Nationalpark Bosque de Fray Jorge (1977)
- Juan-Fernández-Inseln (1977)
- Nationalpark Torres del Paine (1978)
- Nationalpark Laguna San Rafael (1979)
- Nationalpark Lauca (1981)
- Araucarias (1984)
- Nationalpark La Campana a Lago Peñuelas (Nationales Reservat) (1984)
- Nationalpark Kap Hoorn (2005)
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chile – Biller, Videoen oder Audiodateien |