Jean-Philippe de Chéseaux
Jean-Philippe de Chéseaux | |
---|---|
Gebuer |
4. Mee 1718 Lausanne |
Gestuerwen |
30. November 1751 Paräis |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Astronom |
De Jean-Philippe Loys de Chéseaux, gebuer de 4. Mee 1718 zu Lausanne, a gestuerwen den 30. November 1751 zu Paräis, war e Schwäizer Astronom.
Bekannt gouf de Chéseaux duerch seng Entdeckung vum Grousse Koméit vu 1744, den 13. Dezember 1743. Well him awer den Dirk Klinkenberg ëm e puer Deeg ze virkomm war (den 9. Dezember 1743), gouf de Koméit du Koméit Klinkenberg genannt.
Am Joer 1746 huet hien eng Lëscht vun 21 Niwwele verfaasst, déi hien op d'Académie des sciences zu Paräis geschéckt huet, wou si zwar virgelies, awer net publizéiert goufen. De Guillaume Le Gentil notéiert dat fir sech privat am Joer 1759. Eréischt 1892 gouf d'Lëscht vum Guillaume Bigourdan publizéiert.
Onofhängeg vum Heinrich Wilhelm Olbers gouf scho vum Chéseaux de Paradoxon vum Olbers beschriwwen, eng Erklärung, firwat den Himmel nuets donkel ass.
Messiernummer | Entdeckungsjoer |
---|---|
M71 | 1745 oder 1746 |
M25 | 1745 |
M4 | 1746 |
M16 | 1746 |
M17 | 1746 |
M35 | 1746 |