Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerg (Land)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Land Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Lëtzebuerg.
Groussherzogtum Lëtzebuerg
fr: Grand-Duché de Luxembourg
de: Großherzogtum Luxemburg

Lëtzebuerger Fändel

Wope vu Lëtzebuerg

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch[1].
Haaptstad: Lëtzebuerg
 • Awunner: 134.697 (1. Januar 2024)
 • Koordinaten: 49° 36’ 00’’ N
      06° 08’ 00’’ O
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Groussherzog: Henri
 • Premierminister: Luc Frieden
Fläch: 2.586,36 km²
 • Dovu Waasser: 0,60 %
Bevëlkerung: 672.050 (1. Januar 2024)
 • Bevëlkerungsdicht: 259,84/km²
Onofhängegkeet: 19. Abrëll 1839 vun Holland (Vertrag vu London)

11. Mee 1867 international unerkannt (2. Vertrag vu London)

Nationalfeierdag: 23. Juni
Nationalhymn: Ons Heemecht
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .lu
Internationalen
Telefonsprefix
:
+352

Lëtzebuerg, offiziell a laanger Form d'Groussherzogtum Lëtzebuerg (op Däitsch: Großherzogtum Luxemburg; op Franséisch: Grand-Duché de Luxembourg)[2][3], ass e Land a Westeuropa ouni Zougang zum Mier[4]. Et grenzt un d'Belsch am Westen an am Norden, Däitschland am Osten, a Frankräich am Süden. D'Land besteet aus zwou Haaptregiounen: d'Éislek am Norden, dat en Deel vum Ardennemassiv ass, an d'Guttland am Süden, eng Ausdeenung vu Loutrengen am geologesche Sënn vum Begrëff. Mat enger Fläch vun 2.586 km² zielt et zu de klengste souveränen Natiounen an Europa.

Op den 1. Januar 2024 hat Lëtzebuerg 672.050 Awunner[5].

Lëtzebuerg ass eng representativ Demokratie an eng konstitutionell Monarchie mat engem Groussherzog als Staatschef, wouduerch d'Land dat eenzegt Groussherzogtum ass, dat nach ëmmer als souveräne Staat op der Welt existéiert. Seng dynamesch Wirtschaft mécht et zu engem vun de räichste Länner vun der Welt an et huet ee vun den héchste Bruttoinlandprodukter pro Kapp op der Welt. D'Wirtschaft konzentréiert sech haaptsächlech op finanziell Aktivitéiten (ongeféier d'Hallschent vum Bruttoinlandprodukt), favoriséiert duerch eng ganz avantagéis Besteierung a bestëmmte Beräicher (virtuell Steierbefreiung fir Gewënner aus der Exploitatioun vu Patenter oder Software). Der ONG Oxfam no (Zuele vun 2017) gehéiert Lëtzebuerg zu den "attraktiivste Steierparadäiser, déi vun de Firme benotzt ginn", eng Situatioun déi sech zënterhier e bësse geännert huet.

Am Laf vun der Geschicht war déi zentral Lag vum Lëtzebuerger Territoire matten an Europa eng Plaz vu grousser strategescher Wichtegkeet fir vill Muechten, zanter sengem Ufank als Hannerland vum Réimesche Rheinland[2], dem Bau vun enger feudaler Buerg op de Ruine vun engem fréiere réimesche Fort am postkarolengesche Kontext am Héichmëttelalter an duerno wéinst senger strategescher Lag am Südoste vun de Burgundeschen a Spueneschen Nidderlanden tëscht dem 15. an dem 17. Joerhonnert

Lëtzebuerg ass dee klengste Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun a Member vun der Eurozon, der Organisatioun vum Nordatlantik-Traité (NATO), der Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung (OEZE), de Vereenten Natiounen (UN), der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) dem Benelux an der UEBL a reflektéiert esou säi politesche Konsens fir wirtschaftlech, politesch a militäresch Integratioun.

D'Stad Lëtzebuerg ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad, wou ë. a. de Sëtz vu verschiddenen Etablissementer an Institutioune vun der Europäescher Unioun ass. 2012 krut Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier an der Geschicht en temporäre Sëtz am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen. Duerch seng geographesch Lag gëtt d'Lëtzebuerger Kultur souwuel vum Germanesche wéi och vum Romanesche beaflosst. Lëtzebuergesch ass déi eenzeg Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger, mä Franséisch an Däitsch zielen als administrativ a juristesch Sprooche vum Land. Als Resultat gëtt Lëtzebuerg als dräisproochegt Land ugesinn.[6] Duerch d'Migratioun an déi institutionell a finanziell Entwécklung gëtt do dernieft och vill Italieenesch, Portugisesch an Englesch geschwat[7].

Geschicht

Nott: Vun der Geschicht vum haitege Staat Lëtzebuerg kann een eréischt vum 19. Joerhonnert u schwätzen. Virdrun ass d'Geschicht vu Lëtzebuerg als déi vun der Géigend ze verstoen, resp. där vun der Grofschaft an duerno dem Herzogtum mam selwechten Numm.

Grofschaft, duerno Herzogtum Lëtzebuerg

Ëm d'Joer 963 (den Datum ass ëmstridden; neierdéngs geet een éischter vum Joer 987 aus[8]) huet de Siegfried aus dem Haus vun den Ardennergrofen mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bockfiels, op deem e spéitréimescht Kastell mam Numm Lucilinburhuc stoung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Stad Lëtzebuerg an am Artikel Grofschaft Lëtzebuerg

1354 ass d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren Annexen (Durbuy, La Roche, Arel, asw.) zu enger neier Entitéit gemaach ginn, an zwar zum Herzogtum Lëtzebuerg. Nieft deem Herzogtum, dat bis 1794/95 gedauert huet, koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg, ouni awer formell an d'Herzogtum Lëtzebuerg integréiert ze ginn.

1437 ass d'Haus Lëtzebuerg ausgestuerwen, an d'Herzogtum Lëtzebuerg koum 1441/43 an de Besëtz vum Herzog vu Burgund, dem Philipp de Gudden a gouf domat een Deel vun de Burgundeschen Nidderlanden. Déi gounge 1477, nom Doud vum Karel de Kéngen, an duerch d'Bestietnes vun deem senger Duechter Marie de Bourgogne mam Maximilian vun Habsburg, un d'Haus Habsburg.

Duerch Ierfschaft koum Lëtzebuerg 1556 an de Besëtz vum spuenesche Kinnek Philippe II. Vun do un heeschen d'Gebidder, déi als Nidderlande bezeechent ginn, Spuenesch Nidderlanden. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südlechen Nidderlanden, déi och einfach weider Spuenesch Nidderlanden oder nach kathoulesch Nidderlanden genannt gi sinn. Frankräich, dat d'Ëmklamerung duerch d'Habsburger sprengen, a gläichzäiteg de Rhäin als Grenz erreeche wollt, huet sech och fir d'Nidderlanden intresséiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher.

Nom Drëssegjärege Krich an dem spuenesch-franséische Kontinuatiounskrich koum et 1659 zum Traité vun de Pyrenäen an deem ë. a. decidéiert gouf, datt Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich kéimen (Diddenuewen, Montmédy, Damvillers, Ivoy, asw.)[9]. 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet de facto bis 1697 (Traité vu Rijswijk) zu Frankräich gehéiert.

1713/1714, nom Spueneschen Ierffollegkrich, goungen d'Südlech Nidderlanden, inklusiv Lëtzebuerg, un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Déi Éisträichesch Period huet bis zum éischte Koalitiounskrich gedauert, an der Eruewerung vun den Éisträicheschen Nidderlanden duerch d'Franséisch Revolutiounstruppe 1794/95.

D'Herzogtum Lëtzebuerg, grad wéi och déi aner Fürstentemer, déi d'Nidderlanden ausgemaach haten, sinn ofgeschaaft ginn. D'Fransousen hunn néng Départements réunis (à la France) amplaz vun de fréieren Nidderlanden a vun den onofhängege Principautéite vu Léck, Stavelot-Malmedy a Bouillon agefouert. Dem alen Herzogtum Lëtzebuerg säi Gebitt ass op dräi Departementer verdeelt ginn: Forêts, Sambre-et-Meuse an Ourthe. Duerch den Traité vu Campo-Formio, am Oktober 1797, huet Éisträich zu Gonschte vu Frankräich op déi südlech Nidderlande verzicht. Domat waren och d'Awunner vum ale Lëtzebuerger Raum no internationalem Recht Fransousen.

D'Groussherzogtum

Territorial Entwécklung vum Herzogtum zum Groussherzogtum

Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmuechten net "restauréiert". D'Preisen, déi d'Ostufer vun der Musel scho besat haten, kruten nach all déi al lëtzebuergesch Gebidder ëstlech vun der Our, mat Ausnam vu Veianen, an déi ëstlech vun der Sauer. Aus dem Gebitt vum Département des Forêts an Deeler vum Departement Sambre-et-Meuse ass, aus reng strateegesch-diplomateschen an dynastesche Grënn, ee Groussherzogtum ginn. De Wëllem vun Oranien-Nassau, dee grad kuerz virdrun als hollännesche Kinnek Wëllem I. unerkannt gi war, gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dat neit Lëtzebuerger Land gouf och an den Däitsche Bond (eng Zort Ersatzräich) integréiert, an d'Festung Lëtzebuerg gouf eng "Bundesfestung", wat dem preisesche Kinnekräich d'Garnisounsrecht erméiglecht huet. Vun Zäit zu Zäit sollten d'Vertrieder vun deene ronn 40 Länner, déi am Däitsche Bond waren, sech ënner dem Virsëtz vum Keeser vun Éisträich zu Frankfurt treffen. Well de Wëllem I., dee Kinnek vun de Vereenegten Nidderlande war, och als Herrscher vu Lëtzebuerg wéi ee Kinnek wollt behandelt ginn, huet hien um Wiener Kongress drop gehale fir "Grouss"-Herzog ze ginn, also eng "Kinneklech Altess" ((de) "Königliche Hoheit", (fr) "Altesse royale"), wat en als "einfachen" Herzog vu Lëtzebuerg net hätt kënne sinn. Dat ass d'Erklärung, firwat Lëtzebuerg als Grouss-Herzogtum nei entstanen ass (et huet deemno glat näischt mat der Gréisst vum Land ze dinn). 1830 huet dem Wëllem I. seng onglécklech-ongerecht Politik a senge Südprovënzen d'Belsch Revolutioun ausgeléist, déi och ee gudden Deel vun de Lëtzebuerger begeeschtert huet, well hien, eise Groussherzog, säi Groussherzogtum praktesch ëmmer nëmme wéi déi 19. Provënz vu sengem Räich behandelt hat. Den 19. Abrëll 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London, no laangem hin an hier, d'Groussherzogtum an zwee gedeelt: de westlechen Deel, deen haaptsächlech franco-romanesch (Wallounesch a Loutrengesch) war, gouf als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougesprach, an de germanophonen, also ëstlechen Deel, ass - weiderhin als Groussherzogtum - fir d'éischt Kéier een eegestännege Staat ginn, allerdéngs nach ëmmer (bis 1890) a Personalunioun mat Holland.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De Mythos vun der Onofhängegkeet 1839.

Kaart vu Lëtzebuerg zanter 1839

1848, ënner dem Wëllem II., krut Lëtzebuerg seng éischt eege Constitutioun, deemools eng vun deene liberaalsten, mä schonn 1856 huet de Wëllem III., duerch e Staatsstreech, deen Text nees ausser Kraaft gesat. Mam Bau vun engem Eisebunnsreseau krut Lëtzebuerg vun 1858 un Uschloss un d'Nopeschlänner, an d'Entdeckung vun neie Produktiounsmethoden hunn der Entwécklung vun der Eisenindustrie am Minett e groussen Opschwong ginn, soudatt Lëtzebuerg wirtschaftlech ewell besser do stoung. D'Integratioun vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin, vun 1842 un, hat allerdéngs schonn déck zu dësem Opschwong bäigedroen…1867, ee Joer no der preisescher Victoire géint Éisträich am Preisesch-Éisträichesche Krich, an dem Ënnergank vum Däitsche Bond, koum et bal zum Verkaf vum Lëtzebuerger Land duerch de Wëllem III. un den Napoleon III., Keeser vun de Fransousen. Am däitsche Raum war vill Oppositioun géint dëse Projet, a fir wéinst der Lëtzebuerg-Kris e Krich tëscht Preisen a Frankräich ze verhënneren, gouf an engem neien Traité vu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert: d'Preisen, déi hir Garnisoun no 1866 zu Lëtzebuerg "vergiess" haten, hunn hir Zaldote mussen ofzéien, an d'Festung ass geschleeft ginn. 1868 krut Lëtzebuerg, an deem neie Kontext, och eng nei Constitutioun, een Text, deen an der Haaptsaach d'Verfassung vun 1848 reproduzéiert huet. 1870/73 gouf d'Land zu engem eegene Bistum gemaach, an de Mgr Nicolas Adames ass éischte Bëschof vu Lëtzebuerg ginn.

1890 hat dat hollännescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, a sou krut d'Land, an der Persoun vum Adolf vun Nassau, dee säin Herzogtum 1866 u Preise verluer hat, säin "eegenen" Herrscher a säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).

D'éiweg Neutralitéit huet 1914-1918 a 1940-1944/45 Däitschland net doru gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, duerno mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazie collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gouf den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.

Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch inter- oder supranationalen Organisatioune ginn, dorënner dem Benelux, der NATO an der CECA, dem éischte Virleefer vun der EU. Lëtzebuerg war ee vun den 12 Staaten, déi den 1. Januar 1999 den Euro als Wärung agefouert hunn. Virun 1999 war d'Wärung de Lëtzebuerger Frang.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Lëtzebuerg.

National Symboler

D'national Symboler vu Lëtzebuerg sinn de Fändel, de Wopen, d'Nationalhymn, den Nationalfeierdag an d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg[10].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: National Symboler vu Lëtzebuerg.

Politik

Lëtzebuerg, dat zënter dem Traité vu London vum 19. Abrëll 1839 als e souveränen an onofhängege Staat existéiert, ass eng representativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politesche System vu Lëtzebuerg.

E Parlament, Chamber genannt, gëtt fir 5 Joer gewielt; 60 Deputéierte vertriede véier Walbezierker. D'Opdeelung vun de Sëtz no de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 ass déi heiten: d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (chrëschtdemokratesch) 21 Sëtz, d'Demokratesch Partei (liberal) 14 Sëtz, d'LSAP (sozialistesch) 12 Sëtz[11], d'Alternativ Demokratesch Reformpartei 5 Sëtz, Déi Gréng (gréng) 4 Sëtz, d'Piratepartei 2 Sëtz[12] an Déi Lénk 2 Sëtz. Fokus, Kommunistesch Partei Lëtzebuerg, Déi Konservativ, Lëtzebuerger Bierger Partei, Déi Liberal, Liberté - Fräiheet!, Mir d'Vollek, d'PARTEI, Partei fir Integral Demokratie a Volt sinn net an der Chamber vertrueden. Aus deene Walen ass d'Regierung Frieden-Bettel ervirgaangen, eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP. Si gouf de 17. November 2023 vereedegt.

Um Plang vun der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg duerch sechs Deputéiert (vun am Ganze 720) am Europäesche Parlament vertrueden. Am Ministesch-Conseil huet et 4 Stëmmen (op 345).

Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Verfassung seet: „D'Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D'Gesetz reegelt d'Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.“[13] Schonn an der Constitutioun vun 1948 stoung dran, datt e Gesetz de Sproochegebrauch reegele géif. Dëst Gesetz vum 24. Februar 1984[14] leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, sou wäit wéi méiglech, an der selwechter Sprooch sinn.

Am Géigesaz zu Länner wéi z. B. der Schwäiz oder der Belsch, wou jee no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä funktionell an individuell ("Polyglossie").

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perceptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Joerzéngten iwwer déi traditionell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Lëtzebuergesch an am Artikel Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch

administrativ Andeelung

Administrativ Andeelung

Lëtzebuerg ass an zwielef Kantonen, 100 Gemengen an a véier Walbezierker agedeelt. Dräi Verwaltungsdistrikter, déi et virdru gouf, goufen 2015 ofgeschaaft.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Administrativ Andeelung vu Lëtzebuerg.

Justiz

D'Land ass an zwéi Geriichtsbezierker agedeelt, de Bezierk Lëtzebuerg an de Bezierk Dikrech. De Bezierk Lëtzebuerg ass fir d'Friddensgeriichter op Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht opgedeelt.

Geographie

Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vu Lëtzebuerg.

Geologie

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geologie vu Lëtzebuerg.

Hydrographie

Déi véier gréisst Flëss am Land sinn d'Musel, d'Sauer, d'Our an d'Uelzecht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hydrographie vu Lëtzebuerg.

Ekonomie

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, BGL BNP Paribas, Banque internationale à Luxembourg, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, Auchan Luxembourg.

Demographie

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Demographie vu Lëtzebuerg.
Op den 1. Januar 2024 hat Lëtzebuerg 672.050 Awunner, 1,7 % méi wéi am Joer virdrun. D'Bevëlkerung ass manner gewuess wéi am Joer 2022 (Erhéijung vun 2,4 %), dat Joer dat vun der Arrivée vun ukrainesche Krichsflüchtlinge markéiert war. Den Taux vun 1,7 % ass ee vun de niddregste Wuesstemstauxe vum leschte Joerzéngt (wou en tëscht 2,0 an 2,5 % louch), mat der Ausnam vun de COVID-19-Joren (Wuesstem 2020 an 2021 vun nëmmen 1,4 an 1,7 %). Den Zouwuess vun der Bevëlkerung geet haaptsächlech op d'Migratioun zeréck: 26.964 Migrante sinn 2023 am Land ukomm a 16.588 sinn der fortgaangen.[15]

Vun der Gesamtbevëlkerung am Grand-Duché (1. Januar 2024) waren 317.678 Leit Auslänner (42,72 %), vun deenen der 12,4 % zu Lëtzebuerg gebuer sinn. 77,3 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg kommen aus Staate vun der Europäescher Unioun (-1,1 % am Verglach mat 2023). Am Joer 1981 hunn déi aktuell 27 Memberstaate souguer 91,5 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ausgemaach. D'Diversifikatioun vun der Immigratioun bréngt mat sech, datt den Undeel vun den Auslänner, déi keng EU-Nationalitéit hunn, eropgeet. Mat 90.915 Awunner sinn d'Portugisen déi gréisst auslännesch Communautéit am Land, virun de Fransousen (49.234) an den Italieener (25.116).[16]

D'Ukrainer waren am Joer 2022 déi gréisst Immigratiounsgemeinschaft, awer hir Zuel ass 2023 staark gefall a goung vu 4.268 op 807 Immigranten (-81,1 %) erof. 2023 hu 570 Ukrainer de Lëtzebuerger Territoire verlooss, am Verglach zu just 32 Leit am Joer 2022.[15]

Am Joer 2023 goufe 6.320 Puppelcher gebuer, dat waren der 175 manner wéi 2022. De konjunkturellen Indicateur vun der Fruchtbarkeet läit bei 1,25 Kanner pro Fra, en Taux deen an de leschte puer Joerzéngten nach ni sou niddereg war. Am Joer 2023 si 4.431 Leit gestuerwen, 18 Doudesfäll manner wéi 2022.[15]

D'Liewenserwaardung bei der Gebuert läit bei 85 Joer fir d'Fraen an 81 Joer fir d'Männer. Am Laf vum Joer 2023 louch d'natierlech Bevëlkerungsentwécklung (Gebuerten - Doudesfäll) bei 1.889 Leit, iwwerdeems de Migratiounsbilan (Arrivéeën - Departen) bei 10.376 Leit louch.[15]

Den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung läit bei 40,6 Joer fir d'Fraen an 39,2 Joer fir d'Männer. D'Auslänner sinn däitlech méi jonk wéi d'Lëtzebuerger. Den Duerchschnëttsalter fir d'Lëtzebuerger Frae läit bei 42,2 Joer am Verglach zu 38,7 Joer fir d'auslännesch Fraen. Bei de lëtzebuergesche Männer ass den Duerchschnëttsalter 40,0 Joer géintiwwer 38,4 Joer fir d'auslännesch Männer.[15]

Déi meescht Auslänner déi sech 2023 zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, waren d'Portugisen (3.638 Immigranten), virun de Fransousen (3.145 Immigranten) an den Italieener (1.947 Immigranten). Ënnert den Emigranten, d. h. deene Leit, déi vu Lëtzebuerg an en anert Land gaange sinn, waren et haaptsächlech Lëtzebuerger (3.102 Emigranten), Portugisen (3.091 Emigranten) a Fransousen (2.159 Emigranten).[15]

Alterspyramid

Alterspyramid vun der Bevëlkerung vu Lëtzebuerg am Joer 2024
Alterspyramid vun der Bevëlkerung vu Lëtzebuerg am Joer 2024


Kultur

Lëtzebuerg war bis elo dräimol Europäesch Kulturhaaptstad: 1995 (Stad Lëtzebuerg), 2007 (mat der Groussregioun) an 2022 (Esch-Uelzecht, zesumme mat Gemenge vum Syndikat PRO-SUD a vun der franséischer Communauté de Communes du Pays-Haut Val d'Alzette).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kultur zu Lëtzebuerg.

Audiovisuell

Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a punkto europawäite kommerzielle Radio- (zanter 1929) an Televisiounsprogrammer (zanter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëllege koumen der no, déi vun der SES, déi hire Sëtz zu Betzder huet, bedriwwe ginn.

An deene leschte 2 Joerzéngten huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirmaen gëtt et am Land.

Literatur

Kuckt och

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Lëtzebuerg.

Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Lëtzebuerg – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Lëtzebuerg.

Referenzen an Notten

  1. Streng geholl gëtt et zu Lëtzebuerg keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Constitutioun verweist op e Gesetz, mä de Legislateur gebraucht am Gesetz iwwer de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch
  2. 2,0 2,1 (fr)Luxembourg (25.02.2023). Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  3. (en)United Nations, Human Development Report 2021-22 (2022-09-08). Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  4. (fr)François Schanen, Parlons luxembourgeois: langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe. L'Harmattan (2004). Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  5. (fr)STATEC, Une croissance démographique réduite en 2023. Gekuckt de(n) 21/04/2024.
  6. Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  7. (lb)À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg p. 1. sip.gouvernement.lu (August 2022). Gekuckt de(n) 30.10.2024.
  8. (de)Apropos ... Geschichte Luxemburgs p. 4. sip.gouvernement.lu (Dezember 2022). Gekuckt de(n) 30.10.20224.
  9. Art.38. En quatrième lieu, dans la Province et Duché de Luxembourg, lesdit Seigneur Roy Tres-Chrestien demeurera saisi, jouira effectivement des places de Thionville, Montmedy, Damvillers, leurs appartenances, dépendances, annexes, Prevostez et Seigneuries: et de la Ville et Prevosté d'Ivoy, de Chavency le Chateau, et sa Prevosté ; et du lieu et Poste de Marville, situé sur la petite riviere appelée Vezin, et de la Prevosté dudit Marville, lequel lieu et Prevosté avoient autrefois appartenu, partie aux ducs de Luxembourg, et partie à ceux de Bar
  10. (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, pp. 12-13. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 07.11.2024.
  11. ursprénglech 11 Sëtz; am September 2024 ass de Ben Polidori vun der Piratepartei bei d'LSAP gewiesselt
  12. ursprénglech 3 Sëtz; am September 2024 ass de Ben Polidori bei d'LSAP gewiesselt
  13. (lb)Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg Art. 4. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 30.10.2024.
  14. (fr)Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. data.legilux.public.lu (24.02.1984). Gekuckt de(n) 30.10.2024.
  15. 15,0 15,1 15,2 15,3 15,4 15,5 (fr)STATNEWS N° 16 – Une croissance démographique réduite en 2023. statistiques.public.lu (18.04.2024). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  16. (fr)François PELTIER, Charlie KLEIN, La démographie luxembourgeoise en chiffres p. 12. statistiques.public.lu (23.10.2024). Gekuckt de(n) 01.11.2024.