Mëttelsteenzäit
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Mëttelsteenzäit ass an der Steenzäit déi Epoch genannt, déi nom Enn vun der Alsteenzäit ufänkt (also ongeféier vun 8.000 v. Chr. un) a bis zum Ufank vun der Jongsteenzäit dauert. Se fänkt awer a verschiddene Géigenden zu verschiddenen Zäitpunkten un.
Sou gëtt et z. B. am Levant just eng kuerz Iwwergankszäit tëscht Al- an Neisteenzäit, déi do och net Mesolithikum, mä Epipaleolithikum genannt gëtt. An anere Géigende vun Nordeuropa huet déi Epoch bis ronn 4.500 v. Chr. gedauert. De Mesolithikum fält mat där Zäit zesummen, wou d'Äis sech zeréckgezunn huet an d'Klima méi waarm gouf, an doduerch bedéngt d'Flora an d'Fauna sech ugepasst hunn. Typesch fir déi Epoch ass klengt Geschier aus Feiersteng (Mikrolithen), déi als Deel vu méi komplexem Geschier, wéi z. B. Seeë gebraucht goufen. D'Mënschen hu sech ëmmer méi doruechter néiergelooss. Verschidden Zorte vu Mikrolythen, déi fonnt goufen, hunn d'Fuerscher dozou bruecht, verschidde Kulturen ze definiéieren. Eng fréi nordeuropäesch Kultur war déi sougenannt Maglemose-Kultur, eng aner, aus méi enger spéider Phas, z. B. d'Ertebölle-Kultur. An der Iwwergankszäit fanne sech éischt Hiweiser op eng "Neolhiséierung": Intentionellt Ubaue vu Planzen, vereenzelt Véizuucht an éischt Keramiken.