Op den Inhalt sprangen

Monica Vitti

Vu Wikipedia
Monica Vitti
am Joer 2008
Gebuertsnumm Maria Luisa Ceciarelli
Gebuer 3. November 1931
Roum
Gestuerwen 2. Februar 2022
Roum
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Italien
Educatioun Accademia nazionale d'arte drammatica
Aktivitéit Komiker, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Roberto Russo
Liewenspartner(in) Michelangelo Antonioni, Carlo Di Palma
D'Vitti mam Mastroianni an dem Giannini am Film "Dramma della gelosia (tutti i particolari in cronaca)" (1970)

D'Monica Vitti, gebuer als Maria-Luisa Ceccarelli den 3. November 1931 zu Roum, an och do gestuerwen den 2. Februar 2022, war eng italieenesch Schauspillerin a Filmregisseurin.

Si huet d'Schauspillerei zu Roum studéiert. Duerno war si als Schauspillerin op der Televisioun an am Theater ze gesinn. Hir Karriär huet richteg ugefaange mam Film La notte ënner der Regie vum Michelangelo Antonioni. A weidere Filmer vum Antonioni (L'avventura, L'eclisse an Il Deserto rosso) ass si duerch hiert schauspillerescht Talent an hir kill Schéinheet opgefall.

Si huet nach Filmer mat grousse Regisseure wéi Mario Monicelli, Ettore Scola a Luis Bunuel gedréint, ouni awer dee Succès wéi mat den Antonioni Filmer ze hunn.

als Schauspillerin

[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseurin

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1990: Scandalo segreto - Haaptacteuren: Elliott Gould, Catherine Spaak
Commons: Monica Vitti – Biller, Videoen oder Audiodateien