Micheál Martin
Micheál Martin | |
---|---|
Gebuer |
1. August 1960 Cork |
Nationalitéit | Irland |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Partei | Fianna Fáil |
De Micheál Martin (Iresch: Micheál Ó Máirtín (ˈmʲiːçaːl̪ˠ)), gebuer den 1. August 1960 zu Cork, ass en iresche Politiker. Hien ass zanter dem Januar 2011 President vun der Partei Fianna Fáil a war vum 27. Juni 2020 bis den 21. Dezember 2022 Taoiseach (Premierminister) vun Irland.
De Martin ass zanter der Mëtt vun den 1980er Joren op kommunalem an nationalen Plang politesch aktiv. 1997 bis 2000 war hien Edukatiounsminister, dono bis 2004 Gesondheetsminister, du bis 2008 Handelsminister, a vu Mee 2008 bis Januar 2011 Ausseminister vu sengem Land.
No de Wale fir den Dáil Éireann (Parlament) den 8. Februar 2020 koum et zu enger Koalitiounsregierung aus Fianna Fáil, Fine Gael an der Green Party. Dem Koalitiounsaccord no war de Martin déi éischt 30 Méint Premierminister, dono war et um Tour vum Leo Varadkar (Fine Gael), dee virum Martin scho Premierminister war.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Micheál Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien |