Op den Inhalt sprangen

Mur de Huy

Vu Wikipedia
Déi schaarf Kéier op der Héicht vun der drëtter Kapell.

De Mur de Huy ass eng Strooss zu Huy an der Belsch.

D'Strooss déi mat hirem richtegen Numm Chemin des chapelles heescht (well 7 Kapellen derlaanscht stinn) krut den Numm Mur de Huy duerch de Vëlossport, well op der Kopp d'Arrivée vun der Flèche wallonne ass, an d'Strooss ganz géi ass.

Den Ufank ass op der Place St. Denis op der Gafel mat der Rue des Remparts an d'Enn ass am Quartier Sarte nieft der Kierch Notre-Dame de la Sarte.

  • Héicht: 204 m
  • Depart: Huy 76 m
  • Ënnerscheed: 128 m
  • Längt: 1,3 km
  • Pente: Moyenne 9,8 %, Maximum a 26 %