Russesch Verdeedegung
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zich | 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 |
---|---|
ECO | C42-C43 |
Benannt no | Russland |
Entsteet aus | Kinneksspréngerspill |
Aner Nimm | Russesch, Petrow-Verdeedegung |
D'Russesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen C42 bis C43 klassifizéiert.
D'Russesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. e4 e5
- 2. Sf3 Sf6
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Russesch Verdeedegung krut hiren Numm duerch déi zwee russesch Schachmeeschteren Alexander Petrow a Carl Jänisch, déi dës Erëffnung fir d'éischt analyséiert hunn. Se ass duerch hir Beléiftheet an der aktueller Weltspëtzt scho wäit ausanalyséiert a gehéiert beispillsweis zum Standardrepertoire vum Wladimir Kramnik, Michael Adams, Viswanathan Anand a war - a senger aktiver Zäit - eng vun den Haaptwaffe vum laangjärege Schachweltmeeschter Anatoli Jewgenjewitsch Karpow.
Varianten
[änneren | Quelltext änneren]Klassesch Variant
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Sxe5
Cochrane-Gambit
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Sxe5 d6 4. Sxf7
Steinitz-Variant
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. d4
3. Sc3
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Sc3
Wa Wäiss säi Kinneksbauer mat 3. Sc3 verdeedegt, ka Schwaarz mat 3.... Sc6 an d'Véierspréngerspill oder mat 3.... Lb4 an d'Russescht Dräispréngerspill iwwergoen.
3. Lc4
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Lc4
Boden-Kieseritzky-Gambit
[änneren | Quelltext änneren]- 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. Lc4 Sxe4 4. Sc3
Enzyklopedie vun de Schacherëfnfungen
[änneren | Quelltext änneren]An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Russesch Verdeedegung ënner de Schlësselen C42 an C43 klassifizéiert.
- C42: 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6
- C43: 1. e4 e5 2. Sf3 Sf6 3. d4
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Alexander Raetsky a Maxim Chetverik: The Petroff Defence. Everyman Chess, 2005, ISBN 1-85744-378-0
- Lasha Janjgava: The Petroff. Gambit Publications, 2001, ISBN 1-901983-46-3
- Vasilios Kotronias an Andreas Tzermiadianos: Beating the Petroff. Batsford, 2004, ISBN 0-7134-8919-7