Valéry Giscard d'Estaing
Valéry Giscard d'Estaing | |
---|---|
Portrait vun 1978 | |
Gebuertsnumm | Valéry René Marie Georges Giscard d'Estaing |
Gebuer |
2. Februar 1926 Koblenz |
Gestuerwen |
2. Dezember 2020 Authon |
Doudesursaach | COVID-19 |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École polytechnique, Lycée Louis-le-Grand, École nationale d'administration, Lycée Janson de Sailly |
Aktivitéit | Staatsmann |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Bestuet mat | Anne-Aymone Marie Josèphe Christiane Sauvage de Brantes |
Papp | Edmond Giscard d'Estaing |
Mamm | May Bardoux |
Geschwëster | Olivier Giscard d'Estaing, Sylvie Giscard d'Estaing |
Kanner | Louis Giscard d'Estaing, Valérie-Anne Giscard d'Estaing, Henri Giscard d'Estaing, Jacinte Giscard d'Estaing |
De Valéry Marie René Giscard d'Estaing (a Frankräich dacks just VGE genannt), gebuer den 2. Februar 1926 zu Koblenz, a gestuerwen den 2. Dezember 2020 zu Authon am Loir-et-Cher, un de Follge vun enger COVID-19-Infektioun, war e franséische Politiker (UDF). Hie war vun 1974 bis 1981 Staatspresident vu Frankräich.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet seng berufflech Carrière an der Inspection des finances ugefaangen, huet déi awer 1956 opginn, fir Deputéierten ze ginn. 1962 gouf hie Staatssekretär am Finanzministère. Kuerz duerno gouf hien ënner dem Premierminister Georges Pompidou selwer Finanzminister (bis 1966). Duerno war hien nees Deputéierten.
Enn vun den 1960er Joren huet seng Partei, de Parti républicain, sech gespléckt, an de Giscard gouf Leader vun de Républicains Indépendants, déi sech deelweis vum de Gaulle senger Politik distanzéiert hunn, absënns, wat eng méi enk Zesummenaarbecht an Europa betraff huet.
Nodeems de Georges Pompidou President gi war, gouf de Giscard nees Finanz- a Wirtschaftsminister an der Regierung vum Jacques Chaban-Delmas (1969 bis 1972) an duerno an där vum Pierre Messmer (1972 bis 1974).
President vu Frankräich (1974-81)
[änneren | Quelltext änneren]1974 huet hien am zweeten Tour d'Presidentschaftswale ganz knapps mat 50,81% vun de Stëmme géint de François Mitterrand gewonnen, a gouf mat 48 Joer President vun der franséischer Republik.
Hien huet fir d'éischt de Jacques Chirac, dono, 1976, de Raymond Barre zu sengem Premierminister ernannt. A seng Amtszäit ass déi éischt Pëtrolskris 1973-74 gefall, mä et sinn eng Rei wichteg gesellschaftspolitesch Reformen ënnerholl ginn, wéi d'Legislatioun iwwer Scheedung am géigesäitegen Accord, oder iwwer d'Ofdreiwung (Loi Veil). Europapolitesch huet hie sech fir e méi enkt Zesummewuesse vun de Memberlänner agesat (ë. a. huet hien den Europäesche Conseil an d'Liewe geruff), woubäi en awer Frankräich weiderhin als Weltacteur gesouch. Um Enn vu sengem Mandat koum et zu engem Skandal, wéi behaapt gouf, datt den Diktator vun der Zentralafrikanescher Republik, an dee Moment selwerernannte Keeser Bokassa, dem Giscard bei Geleeënheet vun engem private Besuch wäertvoll Diamante geschenkt hat (dobäi huet et sech méi ëm bellëgen Diamantestëps gehandelt, een zimmlech symbolesche Kaddo deen nach vill aner Visiteure kruten).
Dës "Affär", déi kënschtlech an de Medien opgebloose gouf, war mat ee vun de Grënn, firwat beim 2. Tour vun de Presidentschaftswale vun 1981 den 10. Mee, de François Mitterrand déi Kéier déi meescht Stëmme krut.
No der Zäit als President
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1986 bis 2004 war hie Member vum Conseil constitutionnel, a Conseiller général, resp. President vum Conseil régional vun der Auvergne. Vun 1989 bis 1993 war hien Deputéierten am Europäesche Parlament.
1994 huet hien e Roman publizéiert.
Beim Europäesche Sommet vu Laeken, 2001, gouf hien zum President vum Europäesche Konvent (Convention sur l'avenir de l'Europe) ernannt, deen eng Europäesch Verfassung ausschaffe sollt, wat de 15. Juli 2003 geschouch. 2003 krut hien dofir de Karlspräis vun der Stad Oochen.
Nom Doud vum Léopold Sédar Senghor gouf hien den 11. Dezember 2003 an deem senger Plaz an d'Académie française gewielt.
Publikationen
[änneren | Quelltext änneren]- Démocratie francaise, Essay, 1976
- Deux Français sur trois, Essay, 1984
- Le pouvoir et la vie, Memoiren - Band I: La rencontre, 1988
- Le pouvoir et la vie, Memoiren - Band II: L'affrontement, 1991
- Le passage , Roman, 1994
- Dans cinq ans, l'an 2000, 1995
- Les Français, réflexion sur le destin d'un peuple, 2000
- Giscard d'Estaing présente la Constitution pour l'Europe, 2003
- Le pouvoir et la vie,Memoiren - Band III: Choisir, 2006
- La princesse et le président, Roman, 2009
- La victoire de la Grande Armée, Roman, 2010
- Mathilda, Roman, 2011
- Europa, la dernière chance de l'Europe, Essay, 2014
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Éric Roussel, Valéry Giscard d'Estaing; Paräis (éd. de l'Observatoire), 2018.
- Matthias Waechter, Helmut Schmidt und Valéry Giscard d'Estaing. Auf der Suche nach Stabilität in der Krise der 70er Jahre; Breme (Verlag Temmen), 2011; ISBN 978-3-8378-2010-2.
- Georges Valance, VGE; Paräis (Flammarion), 2011.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Valéry Giscard d'Estaing – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- Presidente vun der Franséischer Republik
- Finanzministere vu Frankräich
- Deputéiert vun der Fënnefter Franséischer Republik
- Franséisch Europadeputéiert
- Membere vun der Académie française
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Sonderstufe des Grosskreuzes vum Bundesverdienstkreuz
- Karlspräis
- Gebuer 1926
- Membere vum franséische Conseil constitutionnel
- Franséisch Staatsministeren
- Gestuerwen 2020