Aix-en-Provence
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | PACA | ||||
Departement | Bouches-du-Rhône | ||||
Arrondissement | Aix-en-Provence | ||||
Kanton | Aix-en-Provence-1 Aix-en-Provence-2 | ||||
Postcode | 13090, 13100 | ||||
Gemengecode | 13001 | ||||
Koordinaten | 43° 31’ 52’’ N 05° 27’ 14’’ O | ||||
Fläch | 186,08 ha | ||||
Bevëlkerung | 140 100 (1999) |
Aix-en-Provence ass eng franséisch Gemeng am Departement Bouches-du-Rhône an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Awunner ginn "Aixois" genannt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Muséeën
[änneren | Quelltext änneren]- Musée des Tapisseries: Kollektioun vum Äerzbistum. Tapissereien déi am 17. an 18. Joerhonnert zu Beauvais gemaach goufen, verschiddener no Virlage vum Bérain, eng Serie vun 9 Panneauen aus dem Liewe vum Don Quichotte, a 4 Panneauen op Virlage vum Leprince.
- Musée Granet: Gebaut 1671, d'Priorat gouf 1838 e Musée. De François Marius Granet huet dem Musée e groussen Deel vu senge Molereie vermaach, an 1949 gouf en no sengem Numm gedeeft. Am Musée sinn och 10 Wierker vum Cézanne ze gesinn.
- Fondation Vasarely: Gebaut 1973 no Pläng vum Victor Vasarely. D'Fassad, déi aus Folleg vu grousse schwarzen a Wäisse Kreesser besteet ass caracteristesch fir säi Wierk.
- Hôtel d'Estienne de Saint-Jean: Gebaut am 18. Joerhonnert. Zanter 1930 ass de Musée du parlement de Provence et du vieil Aix am Gebai.
Aner Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- D'Stadhaus mat dem Beffroy: Gebaut tëscht 1655 a 1678
- D'Kathedral, 12 bis 17. Joerhonnert, mat niewendrun dem Klouschter aus dem 12. Joerhonnert
- Den Äerzbëschofspalais
- De Quartier Mazarin mat iwwer 60 Hotellen, de Sprangburen am fréiere Cours des Carosses, haut Cours Mirabeau, an de Statue vum Sculpteur Truphème
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]Aix-en Provence ass un de Verkéier ugeschloss iwwer:
- D'Eisebunnsstreck Grenoble - Marseille, Ligne des Alpes
- D'Autobunn A8 (La Provencale)
- D'Autobunn A51
- D'TGV-Streck Méditerannée (LN5), Saint-Marcel-les-Valence - Marseille
Kulturelles
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 2006 huet Aix-en-Provence den 100. Doudesdag vum Moler Paul Cézanne gefeiert, deen do gebuer gouf.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kathedral]]
-
D'Geriichtsgebai "Palais Monclar"]]
-
D'Rotonde um Enn vun der Cour Mirabeau]]
-
D'Stadhaus zu Aix-en-Provence]]
-
Den Äerzbëschofspalais]]
-
Kathedral vun Aix-en-Provence
-
Uergel an der Kathedral zu Aix-en-Provence
-
Plaffong vun der Dafkappell an der Kathedral vun Aix
-
Place de l'Hotel de Ville
-
De Maart zu Aix-en-Provence
-
De Beffroi zu Aix
-
D'Rotonde
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Departement Bouches-du-Rhône
- Arrondissementer am Departement Bouches-du-Rhône
- Kantonen am Departement Bouches-du-Rhône
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Bouches-du-Rhône
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aix-en-Provence – Biller, Videoen oder Audiodateien |