Centaurus (Stärebild)
Date vum Stärebild Centaurus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Zentaurus |
Laténgeschen Numm | Centaurus |
Laténgesche Geenitiv | Centauri |
Laténgesch Ofkierzung | Cen |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 11h 05m bis 15h 03m |
Deklinatioun | -30°00' bis -65°45' |
Fläch | 1060 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 25° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
deelweis ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
7 |
Hellste Stär, Gréisst |
Alpha Centauri (Toliman), -0,01m |
Meteorstréim | Alpha-Centauriden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Hydra Vela Carina Musca Crux Circinus Lupus Libra |
Den Zentaurus, laténgesch Centaurus ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den Zentaurus ass e grousst Stärebild, dat sech südlech vun der Hydra (Waasserschlang) ausstreckt. D'Dräieck vun de Stäre θ, ι an ν Centauri formen de Kapp, déi südlech Stären, drënner déi hell Stären α an β Centauri, sollen d'Féiss vum Zentaurus, engem Mëschwiesen – hallef Mënsch, hallef Päerd – duerstellen.
Am Zentaurus steet dat bekannt Dräifachsystem Alpha Centauri (Rigil Kentaurus) mat dem sonnennooste Stär Proxima Centauri.
Duerch de südlechen Deel zitt och nach d'Band vun der Mëllechstrooss. Dës Regioun ass besonnesch räich un Stären an un niwweleg Objeten. Omega Centauri ass deen hellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.
Nëmmen déi nërdlechst Stäre vum Zentaurus kann een aus eise Breetegrade gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Zentaurus gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der Antiquitéit bekannt waren. De Ptolemäus huet dëst Stärebild fréier beschriwwen.
Am Zentaurus ass eng kosmesch Radioquell, déi als Centaurus A bezeechent gëtt.
Mythologie
[änneren | Quelltext änneren]An der griichescher Mythologie gozfen d'Zentauren als barbaresch a gewalttäteg duergestallt. Eng Ausnam war den Zentaur Cheiron, de Jong vum Titan Kronos. De Cheiron, deen als geléiert gegollt huet, hat e puer antik Helde groussgezunn, dorënner de Jason, den Achilleus an den Asklepios, deen hien d'Heelkonscht geléiert huet.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Namen o. andere Bezeichnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Alpha Centauri, Rigil Kentaurus, Toliman, Bungula | -0,01m | 4,34 | G2 V + K1 V | |
β | Hadar, Agena | 0,61m | 525 | B1 III | |
θ | 5 | Menkent | 2,06m | 55 | K0 III |
γ | Muhlifain | 2,20m | 130 | A0 + A0 | |
ε | 2,29m | 600 | B1 III | ||
η | 2,33m | 300 | BI V | ||
ζ | Alnair, Alnair al Batn al Kentaurus | 2,55m | 400 | B2 V | |
δ | 2,58m | 500 | B2 + B5 | ||
ι | 2,75m | 50 | A2 V | ||
λ | 3,11m | 200 | B9 III | ||
κ | 3,13m | 500 | B2 IV | ||
ν | 3,41m | 600 | B2 IV | ||
μ | 2,9 bis 3,5m | 300 | B3 V | ||
φ | 3,83m | 800 | B2 IV | ||
τ | 3,85m | 100 | A2 V | ||
υ1 | 3,87m | 600 | B3 IV | ||
π | 3,90m | 300 | B5 V | ||
d | 3,90m | 400 | G8 II | ||
σ | 3,91m | 400 | B3 V | ||
b | 4,01m | 500 | B3 V | ||
ψ | 4,05m | ||||
c1 | 4,06m | ||||
2 | 4,19m | ||||
i | 4,23m | ||||
n | 4,25m | ||||
ξ2 | 4,27m | ||||
j | 4,30m | 600 | B3 + B3 | ||
v | 4,30m | ||||
k | 4,32m | ||||
e | 4,33m | ||||
υ2 | 4,34m | ||||
χ | 4,36m | ||||
a | 4,41m | ||||
B | 4,47m | ||||
m | 4,52m | ||||
A | 4,62m | ||||
1 | 4,63m | ||||
M | 4,64m | ||||
w | 4,66m | ||||
f | 4,71m | ||||
h | 4,75m | ||||
ξ1 | 4,83m | ||||
p | 4,90m | ||||
c2 | 4,92m | ||||
Q | 4,99m |
Den hellste Stär am Zentaurus ass den Alpha Centauri. Den arabeschen Numm Rigil Kentaurus bedeit „Fouss vum Zentaurus“. Mat engem Ofstand vu 4,34 Liichtjoer ass et ee vun den nooste Stäre vun eiser Sonn. Et handelt sech ëm e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm een eenzege Schwéierpunkt beweegen.
Déi hellst Komponent α Centauri A huet ongeféier d'Gréisst an Ausgesi vun eiser Sonn. Den α Centauri B ass mat 1,33m ass méi liichtschwaach a liicht orange und orange. Déi béid Stären ëmkreese sech a ronn 80 Joer. Déi drëtt Komponent, α Centauri C oder Proxima Centauri ass e liichtschwaache rouden Zwergstär mat enger visueller Hellegkeet vun 11,05m. Mat enger Distanz vu 4,22 Liichtjoer ass hien den nooste Noper vun eiser Sonn.
Den zweethellste Stär β Centauri (Hadar, arabesch „de Buedem“) ass mat enger Distanz vu ronn 525 Liichtjoer vill méi wäit vun eiser Sonn ewech. Hie liicht blo a gehéiert zu der Spektralklass B1.
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 0,0m/5,0m/11,0m | 10,5"/2,2° |
γ | 2,9m/2,9m | 0,7" |
δ | 2,6m/4,5m | 269" |
J | 4,5m/6,2m | 60" |
ο | 5,0m/5,2m | 265" |
Q | 5,3m/6,7m | 5,3" |
Den γ Centauri ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 130 Liichtjoer. Hie besteet aus zwéi gläich helle Stären, déi wäiss liichten.
Den δ Centauri läit ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. De System besteet aus engem Haaptstär deen hellblo liicht an zu der Spektralklass B2 gehéiert. Säi Begleeder ass och blo a gehéiert zu der Klass B5.
Den ο Cen ass 8.000 Liichtjoer vun eis ewech. De System huet zwéin extreem liichtstaark Stären. Deen een ass giel a gehéiert zu der Spektralklass G2 un, deen anere liicht wäiss a gehéiert zu der Klasse A2. Den Haaptstär ass e verännerleche Stär.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
η | 2,9m bis 3,5m | onreegelméisseg | onreegelméisseg Verännerlechen |
ο | 4,9m bis 5,4m | ongeféier 200 Deeg | hallefreegelméisseg Verännerlechen |
R | 5,3m bis 11,8m | 546 Deeg | Mira-Stär |
Den η Centauri, deen op enger Distanz vun 300 Liichtjoer läit, ass en onreegelméisseg verännerleche Stär mat enger Hellegkeet tëscht 2,9 an 3,5m.
Den Haaptstär vum System, den ο Centauri, ass en hallefreegelméissege verännerleche Stär. Seng Hellegkeet variéiert an engem Rhythmus vu ronn 200 Deeg tëscht 4,9 an 5,4 m.
Den R Centauri ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwer en Zäitraum vu 546 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 5,3m. Am Minimum geet seng Hellegkeet bis op 11,8m erof.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
3766 | 5,3m | Oppene Stärekoup | |||
3918 | 8m | Planetareschen Niwwel | |||
4755 | 8m | Galaxie | Jewelbox | ||
4945 | 8,5m | Galaxie | |||
5128 | 6,8 m | Galaxie | Centaurus A | ||
5139 | 3,7m | Kugelstärekoup | Omega Centauri | ||
5460 | 3,7m | Oppene Stärekoup |
Déi stäreräich Regioun vum südlechen Zentaurus huet eng Rei interessant Observatiounsobjeten. Well de franséischen Astronom Charles Messier den Zentaurus vu sengem Observatiounsstandpunkt aus net konnt gesinn, ass am Zentaurus kee „Messierobjet“.
Den Oppene Stärekoup NGC 3766 ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eis ewech.
De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf am Joer 1834 vum John Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d'Reschter vun engem Stär, deen 3.500 Liichtjoer vun eis ewech läit.
6.000 Liichtjoer ewech läit den oppene Stärekoup NGC 4755. Et ass ee ganzt schéint Objet, dat och „Jewelbox“ genannt gëtt.
Déi irregulär Galaxie NGC 5128 ass 20 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. An der Galaxie ass eng kosmesch Radioquell, déi Centaurus A genannt gëtt.
1.500 Liichtjoer wäit ewech läit den NGC 5139, oder Omega Centauri genannt. Et ass e Kugelstärekoup.
Den oppene Stärekoup NGC 5460 ass 2.500 Liichtjoer vun eis ewech. An engem mëttleren Teleskop sinn 40 Stäre ze gesinn.
Neutronestären
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Centaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien |