Op den Inhalt sprangen

André Thyes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler André Thyes. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. André Thyes (Homonymie).
André Thyes
Gebuertsnumm Andreas Thyes
Gebuer 25. Mee 1867
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Abrëll 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Technesch Universitéit München,
Kathoulesch Universitéit vu Léiwen,
Royal Academy of Fine Arts
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Papp Alphonse Thyes
Geschwëster Marguerite Thyes
Kanner Léon Thyes

Den André Thyes, gebuer de 25. Mee 1867[1] an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 3. Abrëll 1952,[2] war e lëtzebuergesche Moler.

Den André Thyes huet zu München, Antwerpen, Paräis a Léiwen Konscht studéiert an ass 1894 an der Stad als Zeecheproff ugestallt ginn.

Schonn ee Joer virdru war hie mat derbäi, wéi de Cercle artistique de Luxembourg gegrënnt gouf, a vun 1904 bis 1910 deem säi President. Bis 1933 war e Konschtprofesser an der Industrieschoul.

Säi Wierk besteet virun allem aus Landschaftsbiller, Aquarellen an Uelegbiller, déi am Stil vum Impressionismus a Pointillismus gemoolt sinn.

Hie gouf mam Prix Grand-Duc Adolphe 1915 ausgezeechent.

Den André Thyes war de Papp vum Schrëftsteller Léon Thyes.

Commons: André Thyes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt. Gekuckt de(n) 30/10/2020.
  2. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S.
  3. Lëscht vun de Leit déi 1923 am Ordre d ela couronne de chêne ausgezeechent goufen