Op den Inhalt sprangen

Gustave Jacquemart

Vu Wikipedia
Gustave Jacquemart
Gebuer 13. August 1882
Forrières
Gestuerwen 4. Februar 1950
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Foussballtrainer
Famill
Bestuet mat Joséphine Jaans

De Gustave "Gust" Jacquemart, gebuer den 13. August 1882 zu Forrières an der Belsch, a gestuerwen de 4. Februar 1950[1] um Lampertsbierg[2], war e Lëtzebuerger Sportspionéier a Politiker.

De Gust Jacquemart, Jong vun engem Marbersschläifer, gouf bekannt duerch säin Engagement fir de Sport zu Lëtzebuerg. Hien huet sech fir d'Turnen, de Vëlossport, d'Fechten, besonnesch awer de Foussball, agesat. Duerch hie gouf déi éischt Lëtzebuerger Sportsfederatioun, d'Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athléthiques gegrënnt, an där all Zorte vu Sport vertruede waren ier déi eenzel Sportaarten hir eege Federatioune kruten. Hien huet den Turnverband mat gegrënnt an nom Éischte Weltkrich d'Foussball-Federatioun mat opgebaut.

Hie stoung mat un der Spëtzt vu ville Sportsorganisatiounen, sou war hien z. B.:

Hie war och den Trainer vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp bei den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam.[3]

An der Politik huet hie seng Carrière 1915 als Conseiller am Hollerecher Gemengerot ugefaangen, an ass 1921, wéi Hollerech un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss gouf, liberale Schäffe vun der Stad ginn. Am Zweete Weltkrich huet hie 4 Joer am KZ leide missen, duerno gouf en Deputéierten a Vizepresident an der Chamber.

Hie war mat der Joséphine Jaans bestuet.

No him benannt

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Gustave Jacquemart ass eng Strooss um Verluerekascht benannt. De boulevard Gustave Jacquemart verleeft vum boulevard de la Fraternité bis an d'rue Émile Mayrisch.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)Doudesannonce am Luxemburger Wort N° 37 vum 6. Februar 1950, Säit 7. Luxemburger Wort Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 2014-09-21.
  2. (de)Gustave Jacquemart †. viewer.eluxemburgensia.lu. Escher Tageblatt (6. Februar 1950). Gekuckt de(n) 02.08.2024.
  3. http://www.linguasport.com/futbol/internacional/olimpiadas/1928_AMSTERDAM_SQUADS.htm