Op den Inhalt sprangen

Fluchhafe Lëtzebuerg

Vu Wikipedia


Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel
D'Aerogare am Abrëll 2022
D'Aerogare am Abrëll 2022
Lokalisatioun
IATA-Code LUX
ICAO-Code ELLX
Land Lëtzebuerg
Distanz zum Stadzentrum 7 km nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg
Héicht 376 m
Basisdaten
Typ Ëffentlech
Opgaangen 1947
Bedreiwergesellschaft Société de l'Aéroport de Luxembourg S.A.
Terminalen 2
Statistik (2023)
Passagéier 4,791,916
Fracht 795,667 t
Fluchbeweegungen 52,684
Bunnen
Numm Längt Belag
06/24 4.000 m Asphalt
Koordinaten 49° 37' 35.67" N
06° 12' 41.46" E
LUX (Lëtzebuerg)
LUX
LUX
En amerikanesche F-6C Mustang am Oktober 1944 um "Sandweiler Airfield".
Embraer 145 vun der Luxair virum Terminal B
D'Pist vum Fluchhafe Lëtzebuerg (1991)
Lag vum Fluchhafen ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.
Kaart vum Fluchhafe Lëtzebuerg.
Den Terminal B vun der Pist aus gesinn.
Checkin an der neier Aerogare (Terminal A)
Terminal A
Den Agangsberäich vum Terminal A

De Fluchhafe Lëtzebuerg (IATA: LUX, ICAO: ELLX), offiziell Aéroport de Luxembourg, läit um Findel ronn 7 km[1] nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.

1939 ass ugefaange ginn, den Terrain riicht ze maachen. Am Zweete Weltkrich war do eng däitsch Schoul fir Seegelfliger.

1946 gouf de Fluchhafen offiziell ageweit a vum Mee u gëtt et zweemol an der Woch e Fluch tëscht Lëtzebuerg a Bréissel.

1955 gouf d'Landepist vun 2.000 op 2.830 Meter verlängert, 1975 gouf se nach eng Kéier méi laang gemaach. Haut ass d'Bunn fir ze lande 4 Kilometer laang.

1975 gouf eng nei Aerogare a Betrib geholl, an 1993 gouf en neien, 35 Meter héije Kontrolltuerm opgeriicht.

2003 gouf mat Aarbechte fir eng nei Aerogare, mat ë. a. engem Uschloss un d'Schinnennetz, ugefaangen. Déi geplangt ënnerierdesch Zuchgare war geduecht fir am Kader vum Projet Zuch-Tram, deen den deemolegen Transportminister Henri Grethen duerchgeboxt hat, de Fluchhafe mat der Stater Gare ze verbannen a fir datt den TGV vu Paräis iwwer d'Gare Lëtzebuerg bis op de Findel fuere kéint. De Projet gouf no de Chamberwale vun 2004 vum neien Transportminister Lucien Lux ënnerstëtzt an d'Aarbechten hunn 2008 ugefaangen. No de Wale vun 2009 ass de Projet dunn awer vum neien Transportminister Claude Wiseler gestoppt ginn, well d'Käschte vun 1,5 Milliarden Euro vum Projet "Zuch-Tram" ze héich waren. De Réibau war scho bal ganz fäerdeg an d'Entrée vum Tunnel gouf zougeschott. D'Gare bleift verlooss an et gëtt no alle méigleche Léisunge gesicht, fir eng nei Affektatioun vun der Zuchgare ze fannen[2].

Déi aktuell Aerogare besteet aus zwéin Terminalen:

  • Terminal A: den Haaptterminal vun der Aerogare gouf de 25. Abrëll 2008 ageweit an den 21. Mee 2008 a Betrib geholl.
  • Terminal B: ass als Annex vun der deemoleger Aerogare gebaut ginn an de 26. Mee 2004 a Betrib gaangen. Nom Check-in an der Haaptaerogare hunn d'Clientë vu méi klenge Linnefligeren (bis zu 50 Passagéier) deen Terminal fir den Transfert bei hire Fliger benotzt. Den Terminal B war vum Terminal A duerch déi al Aerogare getrennt a war dofir sou laang zou, wéi déi net ofgerappt war. Déi al Aerogare vun 1975 gouf an de Joren 2010 - 2011 ofgerappt[3]. Nodeems eng Zäit laang vun enger Passerell tëscht dem Terminal A a B rieds war, déi déi zwee Gebaier verbanne sollt[4],[5], huet den Infrastrukturminister François Bausch am Oktober 2014 ugekënnegt, datt "schëtzeg"[6] en Tëschegebai gebaut soll ginn, an deem och zousätzlech Restauratiounsbetriber a Butteker ënnerkomme kéinten[7].

Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale; d'Inauguratioun vun dësem Terminal GAT war den 1. Februar 2008[8],[9]

Exploitatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi 2001 gegrënnt gouf, an zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi dem Ministère de la Mobilité et des Travaux publics kuerz MMTP ënnerstallt ass, an déi aus der fréierer Administration de l'aéroport entstanen ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Administration de la navigation aérienne.

D'Luxairport exploitéiert haaptsächlech d'Terminalen A a B, de GAT (General Aviation Terminal) an den ale Cargozenter. Se këmmert sech och ëm den Entretien vun de Clôturen an de Schibe- an Dréidieren an ëm d'Zougangskontrollen op de Site.

Um a ronderëm de Findel, schaffe fir de Fluchhafen direkt an indirekt eng ronn 6000 Leit. Am grousse Ganze sinn awer eng gutt 20.000 Aarbechtsplazen ofhängeg vun de Fluchhafenaktivitéiten um Findel. Dofir zielt dëse Wirtschaftspilier 2014 mat senge 4,88 % vum PIB, zu engem wichtege Facteur vun der Ekonomie am Grand-Duché.

Den internationale Fluchhafe vu Lëtzebuerg ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.

Am Passagéierberäich, gouf de Fluchhafe wärend der Summerzäit 2014, vun 22 Fluchgesellschaften ugeflunn. Domat gouf et an der Haaptsaison, net manner wéi 84 Reesdestinatiounen iwwer 24 Länner verdeelt. Wat d'Wanterzäit 2014/15 dogéint betrëfft, gëtt et just 10 Fluchgesellschaften. Dowéinst gëtt et tëscht dem 25. Oktober am 30. Mäerz, nëmmen 41 direkt Destinatiounen a 16 verschidde Länner.

Am Joer 2024 si 15 Gesellschafte reegelméisseg vum Findel aus op ronn 110 verschidden Destinatioune geflunn. Luxair a LuxairTours bidde 87 Destinatiounen an 32 Länner un[10].

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer.

  • Den Terminal A mat enger Bruttofläch vun 43.400  m², a mat enger 5000 m² grousser Glasfassad ass d'Haaptgebai. Dobäi kënnt, datt d'Aerogare mat 26 Offäerdegungsguichete wéi och mat 18 Passagéierausgäng ekipéiert ass. Op den zwou Säite vum Offäerdegungsberäich ass e Sécherheetsberäich.
  • Beim Terminal B gëtt et weeder en eegenen Offäerdegungsberäich, nach een onofhängegen Arrivéesberäich. De Sécherheetsberäich ënnerläit och der Infrastruktur vum Terminal A. An dëser 156 Meter laanger Annex sinn 10 Passagéierausgäng, déi op zwou Säite vum 14 Meter breede Gebai opgedeelt sinn.
  • Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale, also net vu Linneflich, mä vu Privat- oder Firmefligeren. Dësen Terminal leit ofgeleeë vun deenen zwéin aneren am Frachtzentrum vum Fluchhafen. De GAT ass an enger Rekordzäit vun eppes iwwer sechs Méint decidéiert, geplangt a fäerdeg gebaut ginn. D'Inauguratioun war den 1. Februar 2008[8],[9]-

Zousätzlech gëtt et och nach en Terminal fir Privatjetten. Dësen Terminal funktionéiert autonom, an ass domat ganz vun den anere Passagéieraktivitéite vum Findel ofgetrennt.

Parking an ëffentlechen Transport

[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Cliente vum Luxairport sti verschidde Parkingen zur Verfügung:

  • ënnerierdescht Parkhaus („Indoor“ Parking A a B): 4.080 Plazen op véier Stäck verdeelt
  • baussenzege Parking („Kiss & Fly“ Parking C): Kuerzzäit-Parkplaz direkt virun der Aerogare
  • baussenzege Parking „Open Air“ (Parking F, G a K): fir eng Parkzäit vu méi wéi 24 Stonnen
  • baussenzege Parking „Holiday“ (Parking E): fir eng Parkzäit vu méi wéi 4 Deeg
  • baussenzege Parking „Economy“ (Parking M an L[11]): fir eng Parkzäit vu méi wéi 3 Deeg. Den Transfert vun de Parkingen, déi beim Findel Business Center leien, bis bei d'Aerogare gëtt mat enger Busnavett organiséiert.

De Fluchhafe gëtt vun den AVL Linne 6, 16 an 29 an den RGTR Buslinnen 223, 302, 306, 361 an 850 ugefuer.

Et ass virgesinn, datt d'Tramshalt Findel Aéroport, den neien Terminus vun der Linn T1, uganks Januar 2025 opgeet.

Am Frachtberäich huet de Luxair-Cargozenter eng maximal Capacitéit vun 1 Millioun Tonne Wueren am Joer. Enn 2014, hunn eng 13 verschidde representéiert international Cargo-Fluchgesellschaften de Findel ugeflunn. Doriwwer eraus ass en unhand vu sengem Tonnage, als fënneft gréissten Acteur um europäesche Maart klasséiert. Eng zousätzlech nei Aktivitéit am Logistikberäich vum Fluchhafen ass zanter 2014 den High Security Hub, eng Fräihandelszon an en ofgeséchert Tëschelager fir Wäertsaachen.

Cargolux-Maintenancezenter

[änneren | Quelltext änneren]

Am Süde laanscht d'Pist, steet de grousse Cargolux-Maintenancezenter.

De Fluchhafe Lëtzebuerg huet eng eenzeg Asphalt-Pist (06/24) vu 4002 × 60 Meter, wat eng vun de längste Pisten a ganz Europa ass. D'ILS-Frequenz ass 109,9 / 110,7.

Renovatioun vun der Pist

[änneren | Quelltext änneren]
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Luxembourg Tower 118,1 (Kontrolltuerm, fir d'CTR vum Buedem bis 2500 ft zoustänneg)
  • Luxembourg Approach 118,9 (Radar, fir d'TMA Luxembourg vu 2500 ft bis FL165 zoustänneg, am Norde vun der TMA vun 3500 ft bis FL145, doriwwer BelgoControl an, iwwer FL245, Maastricht UAC)
  • Luxembourg ATIS 134,75 (Informatiounen)
  • Luxembourg Ground 121,9 (Buedem)
  • Luxair Handling/Dispatch 131,625
  • Luxair Cargo 131,8
  • Cargolux Handling 131,775
  • Luxembourg General Aviation Handling 121,85

Virfäll um Fluchhafen

[änneren | Quelltext änneren]

An de fréie Moiesstonne vum 6. Oktober 2000 koum et zu engem vun de spektakuläerste Virfäll an der Lëtzebuerger Kriminalgeschicht. Convoyeure vun der Geldtransportfirma Brinks waren amgaang, 73 Millioune Frang (iwwer 1,8 Mio €) an e Fliger vun der Crossair ze lueden, wéi eng Camionnette iwwer d'Virfeld gerannt koum. Sechs schwéierbewaffnet a camoufléiert Männer sinn aus der Camionnette erausgesprongen an hunn d'Personal forcéiert, sech op de Buedem ze leeën, wärend de Chauffer vum Geldtransporter mat enger Panzerfauscht a Schach gehale gouf. Ee vun den Täter ass an de Fliger geklommen an huet sechs Geldsäck erausgeholl. Wéi ee vum Personal probéiert huet ze flüchten, gouf hie vun zwéin Täter an d'Bee geschoss.

Wéi den Täter mat der Panzerfauscht sech eng Kéier kuerz vum Geldtransporter ewechgedréint huet, huet de Chauffer vun der Brinks-Camionette Vollgas ginn a probéiert z'entkommen. Direkt hunn d'Täter mat enger Kalaschnikow op den Auto geschoss, an déi zwéi Geldbuete si blesséiert ginn.

D'Täter sinn doropshi geflücht, mä nëmmen e puer Minutte méi spéit op eng Stroossespär vun der Police getraff. Ouni Virwarnung hunn d'Banditte ronn 36-mol op déi zwéi Poliziste geschoss (een huet e Sträifschoss um Kapp ofkritt, deen zweete gouf vun engem Querschléier am Bauch getraff). No enger kuerzer Flucht goufen d'Täter um Scheedhaff vun enger Zivillpatrull bewosst an en Accident verwéckelt. Ee vun den Täter konnt sou verhaft ginn, deen aneren ass dervukomm a konnt bis haut nach net gefaasst ginn[12].

De Kapp vun der Band soll de Marcel Habran, e Caïd aus dem Lécker "Milieu", gewiescht sinn, deen allerdéngs bei der Attack net derbäi war[13].

Fluchgesellschaften an hir Destinatioune vum Findel aus

[änneren | Quelltext änneren]

Passagéierflich

[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gesellschaften hei drënner fléien vum Findel aus op déi Destinatiounen, déi a Klameren ugi sinn[14]:

Luxair a LuxairTours

[änneren | Quelltext änneren]
Luxair a LuxairTours Flich vum Findel aus[10](verschidden Destinatiounen nëmmen am Summer oder am Wanter)
Luxair Luxair-Tours
Bulgarien Burgas
Varna
Cap Vert Praia Boa Vista
Sao Vicente Sal
Däitschland Berlin Usedom
Hamburg
München
Sylt
Usedom
Dänemark Kopenhagen
Egypten Hurghada
Luxor
Marsa Alam
Éisträich Wien
Finnland Rovaniemi - Lappland
Frankräich Bordeaux Biarritz
Montpellier Corse
Nice
Paräis
Toulon-Saint-Tropez
Griicheland Cos
Korfu
Kreta
Rhodos
Thessaloniki
Holland Rotterdam
Irland Dublin
Italien Bologna Bari, Brindisi
Florenz Lamezia Terme
Mailand Lido di Jesolo
Pescara Neapel
Venedeg Rimini
Sardinien
Sizilien
Kroatien Brac
Dubrovnik
Zadar
Malta Malta
Marokko Agadir
Marrakech
Montenegro Tivat
Norwegen Oslo
Polen Krakau
Portugal Lissabon Faro
Porto Küst vu Lissabon
Madeira - Funchal
Rumänien Bukarest
CHECHE Schwäiz Genf
Schweden Stockholm
Serbien Belgrad
Senegal Dakar
Slowenien Ljubljana
Spuenien Barcelona Costa de Almería
Madrid Jerez - Costa de la Luz
Malaga - Costa del Sol
Valencia
Spuenien, Balearen Ibiza
Mallorca
Menorca
Spuenien, Kanaren Fuerteventura
Gran Canaria
La Palma
Lanzarote
Teneriffa / La Gomera
Tschechesch Republik Prag
Tunesien Djerba
Monastir
Tierkei Antalya
Izmir
Ungarn Budapest
Vereenegt Kinnekräich London City
Manchester
Vereenegt Arabesch Emirater Dubai Dubai
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Diagramm
Entwécklung vun der Passagéierzuel an dem Frachtopkommes.

Entwécklung vun 1946 bis haut

[änneren | Quelltext änneren]
Iwwersiicht Passagéier a Wuerentransport
Joer Passagéier Wuerentransport (t) Mouvementer
1946 1.457 1.032
1950 6.525 3.602
1960 55.591 14.125
1970 476.938 26.035
1980 670.159 54.604
1990 1.072.264 142.956 62.714
2000 1.669.484 499.911 85.511
2009 1.551.315 625.462 81.619
2010 1.630.165 735.307 80.494
2011 1.791.231 656.653 83.405
2012 1.919.694 614.906 81.163
2013 2.197.331 673.500 80.397
2014 2.467.864 708.077 84.244
2015 2.687.086 737.625 85.031
2016 3.022.912 804.269E 86.402R
2017 3.599.390 893.589E 89.944R
2018 4.036.878 895.745E 94.586R
2019 4.365.569S 855.038E 94.985R
2020 1.426.310S 905.414E 64.705R
2021 2.002.903S 1.088.778E 74.516R
2022 4.057.247S 969.705E 93.341R
2023 4.791.916S 795.667E 52.684S
Quellen:

Passagéiertrafick

[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer 2023 war e Rekordjoer fir de Fluchhafe Lëtzebuerg, well am August méi wéi 490.000 Passagéier gezielt goufen, en Niveau dee virdrun nach ni erreecht gouf. Dobäi kënnt, datt d'Zuel vun de Passagéier iwwer dat ganzt Joer méi héich war wéi 2019 (dat lescht Referenzjoer virun der Covid-Pandemie)[16].

Wéi am Joer 2019 war och 2023 Porto déi beléiftst Destinatioun fir d'Passagéier déi um Findel fortgeflunn oder do ukomm sinn. Mat ronn 150.000 Passagéier méi am Joer 2023 war dat eng Progressioun vu 45 % am Verglach mat 2019. An der Top-20 louch Lissabon op der zweeter Plaz (identesch wéi 2019). Frankfurt ass vun der véierter op déi drëtt Plaz geklommen. E grousse Sprong gouf et fir Palma de Mallorca déi vun der Plaz 13 am Joer 2019 op déi drëtt Positioun geklommen ass. D'Augmentatioun vu ronn 56.000 Passagéier mécht eng Progressioun vun 49 % aus.

Top-20 Destinatiounen vum / op de Findel (Passagéier pro Joer)[17]
Fluchhafen 2019 2023
Porto 339.505 490.700
Lissabon 311.876 308.277
Frankfurt/Main 202.300 189.907
Palma de Mallorca 115.561 171.647
London (City) 177.012 167.588
Mailand 163.758 161.608
Amsterdam 184.711 160.085
München 216.312 152.732
Nice-Côte d'Azur 92.681 150.027
Barcelona 112.740 148.163
Madrid 124.509 124.804
Zürich 126.236 124.261
London (Heathrow) 180.352 117.975
London (Stansted) 103.504 113.794
Roum 63.500 108.314
Dublin 90.903 103.562
Wien 123.999 98.856
Berlin 38.305 93.085
Istanbul ./. 90.755
Faro 43.246 89.750

Gidderverkéier

[änneren | Quelltext änneren]

An de Covid-Jore gouf eng Dynamik am Loft-Gidderverkéier festgestallt, déi et bis dohin nach ni gouf; 2021 goufe Gidder op engem Rekordniveau vu bal 1,1 Milliounen Tonne festgestallt. Duerno huet et nees ofgeholl an 2023 louch de Gesamt-Tonnage mat knapp 800.000 Tonnen ënner dem Niveau vun 2019, wéi nach eppes méi wéi 855.000 Tonne gezielt goufen. Dëst bedeit e Réckgang vu 7 %.

  • Jean-Paul Hoffmann: Flughafen Findel an Ons Stad Nr. 91/2009
  • Arthur Colbach: Flughafen Luxemburg im Aufwind an: Luxemburger Marienkalender, Jg. 86 (1967), S. 103-108
  • Helmut Reis: Luxemburg Airport: Flughafen einer europäischen Grenzregion an: Geographie heute, Heft 73 (Sept. 1989), S. 10-14
  • Serge Braun, Luxembourg Findel : Flughafen - aéroport - airport. Luxembourg (2017)
Commons: Fluchhafe Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Distanz vum Stadhaus bis bei d'Aerogare a Loftlinn gerechent
  2. (lb)D'Zuchgare ënner der Aerogare: Feelinvestitioun oder Kasperltheater?. www.rtl.lu (24.04.2024). Gekuckt de(n) 24.08.2024.
  3. Countdown für das alte Terminal op wort.lu den 1. Juni 2010
  4. lux-Airport Terminal B
  5. Findel: Vorerst kein Start am Terminal B, wort.lu 3. Dezember 2013.
  6. "schëtzeg": Lo gëtt et dann och méi Detailer iwwer dëse Projet, deen dem Direkter vum Fluchhafen, dem Johan Vanneste, no spéitstens Ufank 2019 fäerdeg soll sinn. Scho 6 Joer laang ausser Betrib, rtl.lu, 12. November 2014
  7. "Infrastrukturminister Bausch: Nordstrooss geet am September 2015 op." rtl.lu, Leschten Update: 24.10.2014, 07:13:26.
  8. 8,0 8,1 gouvernement.lu Inauguration du terminal d'aviation générale
  9. 9,0 9,1 lux-Airport GAT
  10. 10,0 10,1 Voir toutes les destinations | Luxair. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 23.08.2024.
  11. De Parking L mat 650 Plazen ass de 16. Juli 2024 opgaangen
  12. Emissioun iwwer d'Iwwerfäll op d'Geldtransporten am Joer 2000 DNA: International Bandekriminalitéit, rtl.lu, 5. Oktober 2014
  13. Le Soir: Marcel Habran a été acquitté de sa participation alléguée à l'attaque de l'aéroport de Findel
  14. (fr)Destinations directes depuis LUX - lux-Airport. www.lux-airport.lu (22.12.2023). Gekuckt de(n) 23.08.2024.
  15. (net méi disponibel)
  16. Un portrait chiffré des entreprises au Luxembourg (Statec, 2024)
  17. (fr)Liaisons de transport aérien de passagers entre les aéroports partenaires et les principaux aéroports de Luxembourg. ec.europa.eu. Gekuckt de(n) 23.08.2024.