Nicolas Leonardy (Auteur)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat dem Auteur Nicolas Leonardy. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Leonardy. |
Nicolas Leonardy | |
---|---|
Gebuer | 13. Mee 1858 |
Gestuerwen | 21. Mäerz 1907 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
Den Nicolas Leonardy, gebuer den 13. Mee 1858[1] zu Ouljen, gestuerwen den 21. Mäerz 1907 a Clausen (Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Nicolas Leonardy ass 1882 zum Priister geweit ginn an ass dunn Professer am klenge Seminär vu Reims ginn. Donieft war hien de “père spirituel” vum franséischen Industrielle Léon Harmel senger Wiewerei am Val-des-Bois no bei Reims. 1885 ass hien zeréck op Lëtzebuerg komm a gouf Kaploun am Pafendall. Am Hierscht 1891 ass hie Rektor vum däitsche Gesellenhaus zu Bréissel ginn. 1896 gouf hie Paschtouer a Clausen.
Den Nicolas Leonardy, dee sech mat Entomologie beschäftegt huet, war ee vun de Grënnungsmembere vun der Fauna (Verein Luxemburger Naturfreunde) am Joer 1890. Hien huet 1891 dräi kleng Artikelen am éischte Joergank vum Bulletin vum neie Veräi publizéiert.
Méi produktiv war hie allerdéngs am literaresche Beräich als Auteur vun Theaterstécker a vun Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëften: Luxemburger Wort, Luxemburger Volksblatt, Das Luxemburger Land, Luxemburger Sonntagsblatt, Ons Hémecht, Illustrierter Familien-Kalender. Hien huet Pseudonymme benotzt wéi: "Christian E.", "Feierabend E.", "Klächen", "Nardy Leo" (Anagramm vu Leonardy) a "Kühner Leo" [e Wuertspill: Leo-(n)-ardy; ardy = phoneetesch “hardi" (fr) = "kühn" (de)].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Entomologesch Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Ein Wort über Entomologie. Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1(1891), S. 10-11.
- Aus dem Leben eines schwarzen Künstlers (Rhynchites betulae L., Traubenwickler). Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1(1891), S. 14-15.
- Zwei kleine Unholde. - a) Der gemeine Holzbock oder die Hundszecke (Ixodes ricinus Latr.; lux. Beschzeck; fr. louvette, tique). b) Das Spargelhähnchen (Lema od. Crioceris, C. asparagi L.). Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, Mittheilungen aus den Vereinssitzungen, Jg.1 (1891), S. 39-40.
Literaresch Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Der Klöppelkrieg: vaterländisches Trauerspiel in 5 Aufzügen: mit einem Nachspiele. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft: J. Erpelding, 1890, 62 S. (zesumme mam Martin Schweisthal).
- Levitenweisen. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft, 1895, 62 S.
- Jung-Siegfried von Luxemburg: vaterländisches Trauerspiel in 3 Aufzügen. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft, 1899, 61 S.
- Vergissmeinnicht: Novene für die Armen Seelen. Regensburg ; Rom ; New York: F. Pustet, 1900, 234 S.
- Der Teufel im Glas: Trauerspiel in drei Aufzügen. Luxemburg: L. Bück, 1901, 36 S. (Beigabe zum: Volkswohl. Organ des Luxemburger Vereins gegen den Alkoholismus).
- Lied eines Heimgekehrten / von N. Leonardy ; für Gesang mit Klavierbegleitung componirt von L. Held. Luxemburg: P. Worré-Mertens, 1901, 1 Heft. [4 S.]
Eng ausféierlech Bibliographie vun den Zeitungs- an Zäitschrëftenartikele fënnt ee beim Martin Blum.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Arendt, Karl. Pfarrer Nicolaus Leonardy. S. 78 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.
- Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S. (Léonardy Nicolas: S. 733-736).
- Conter, C.D., 2007. Leonardy, Nicolas. S. 373-374 In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 30. September 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/922/922/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012]. (de)
- Conter, C.D., 2010. Leonardy, Nicolas. S. 378 In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7. Online-Versioun. Stand: 30. September 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/922/922/FRE/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012]. (fr)
- Hülsemann, W., 1908. Kurzgefaßtes Lebensbild des hochw. Herrn Nikolaus Leonardy, gestorben als Pfarrer zu Clausen (Luxemburg). In: Ons Hémecht, 14(1908), S. 31-37, 66-80, 99-114.
- Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 5-214.
- Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302 [Biographie N. Leonardy: S. 33-37].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Massard 1990, S. 123: De Leonardy ass den 13. Mee 1858 op d'Welt komm; säi Papp, de Bauer Nicolas Leonardy, huet hien awer eréischt de 15. Mee zu Betzder op der Gemeng ugemellt. — Gebuertsdatume wéi de 15. Mee 1858 (Conter 2007, 2010) oder den 13. Mee 1857 (Blum 1981, S. 733) sinn also net richteg.